U sech d'Bensinnspräisser zu Lëtzebuerg déi bëllegst an der ganzer Groussregioun. Wisou also soll ee sech iwwert se opreegen?
Am Grand-Duché gëtt et am Géigesaz zu villen anere Länner eppes Besonnesches: D'Präisser op quasi all de Bensinnsstatioune am Land sinn déi selwecht. Gidd der zum Beispill a Frankräich, variéieren d'Präisser pro Statioun ëm e puer Cent, deelweis esouguer Dosenden Cent. Zu Lëtzebuerg ass dat eben net de Fall: Ob um Belval, zu Ëlwen oder zu Gréiwemaacher, bal all d'Statioune verkafen de Bensinn fir de Maximalpräis, dee vun den Autoritéite festgesat gëtt.
Verschidde Statiounen awer hale sech net un dës staatlech Virgab, dacks ass de Präisënnerscheed hei awer bal just symbolesch. D'Lukoil zu Réimech zum Beispill bitt Bensinn an Diesel dacks ronn ee Cent de Liter méi bëlleg u wéi déi aner Statiounen. Do si si awer net eleng, déi dës Präispolitik fueren. E weidert konkret Beispill zu Réimech: D'BC Energies huet den 18. November fir ee Liter Diesel 1,939 Euro gefrot, de Maximalpräis, deen de Staat fixéiert huet an deen op de meeschten Tankstelle ugewise gëtt, läit bei 1,95 Euro pro Liter. Bei engem Tank vu ronn 50 Liter géif een op dëser Statioun also ronn 55 Cent spueren. Wuel fir vill Leit net genuch, fir den Ëmwee dohinner ze maachen.
Zanter kuerzem awer gëtt et eng Tankstell am Land, déi e komplett anere Wee geet: D'Statioun vun der Supermaart-Kette Leclerc zu Féiz. Déi franséisch Entreprise dréckt de Präis däitlech. Si froen deels 21 Cent de Liter manner, wéi de Maximalpräis an domadder déi grouss Majoritéit vun der Konkurrenz. Dëst war zum Beispill de Weekend vum 14. a 15. November de Fall. Dat bedeit konkret, datt een de leschte Weekend 1,779 Euro de Liter Diesel bezuelt huet, dee maximal 1,987 Euro zu deem Zäitpunkt duerft kaschten. De 95er war fir 1,419 Euro de Liter amplaz vun 1,595 Euro, verkaf ginn. Bei esou Präisser spuert een ëm déi 10 Euro pro Tank.
Wärend d'Lëtzebuerger Clientèle hei scho vill Geld ka spueren, lount sech de Wee fir d'Frontalieren aus Frankräich nach däitlech méi. An dës huelen dann deels e wäite Wee op sech, fir Tanken ze kommen. "Mir koume vun Haute-Marne, eng zwou an eng hallef Stonn vun hei ewech", erzielt den Geoffroy, dee grad säin Auto volltankt, RTL. "Ech kommen dacks wéinst dem Bensinn an dem Tubak an elo bleiwen ech eben hei stoen. Et ass däitlech méi gënschteg", seet och d'Isabelle, dat vun Troyes aus ëm déi dräi Stonne bis op Féiz fiert.
Datt Leit esou e wäite Wee, fir den Auto vollzetanken, opsechhuelen, ass awer éischter d'Ausnam. Ma ganz vill Leit aus der Géigend Metz oder Diddenuewen fannen de Wee op Féiz, fir ebe bis zu 50 oder 60 Cent op de Liter ze spueren. Op den éischte Weekender, an deenen d'Bedreiwer dës Präispolitik gefuer sinn, war de Réckstau zu Féiz esou grouss, datt et zu Problemer am Trafic koum. D'Bedreiwer hunn elo e Parcours en Place gesat, fir ze evitéieren, datt een den Trafic esou beaflosst. "Dës niddreg Präisser si super, mä si zéie vill Leit aus der Grenzregioun un", beschwéiert sech den Armando, e Lëtzebuerger Student.
Den Trafic an d'Waardezäit decouragéiert vill Automobilisten awer net, déi et a Kaf huelen, sech hei an d'Schlaang ze stellen, fir Suen ze spueren. "Mat dem Liewensniveau dee mer hunn, muss ee vun all Cent, deen ee ka spueren, profitéieren," erkläert d'Ana, déi Hausfra ass.
Dës Geschäftsstrategie fiert déi franséisch Entreprise zanter September quasi all Weekend a mécht et ëmmer méi reegelméisseg. "Dës Präisser sinn eng Decisioun vun eisem Geschäft op der Plaz. An et entsprécht der Strategie vu Leclerc, well mir, fir de Client unzezéien, attraktiv Präisser ubidden", esou den Direkter vum Leclerc zu Féiz Stéphane Canossini.
Een Zil vun der Aktioun ass ganz kloer, fir nei Clienten unzezéien, haaptsächlech, mä net just, Frontalieren. Dofir bitt een eeben dës Promotioun op d'Pëtrolsproduite respektiv Promotiounen op aner Produiten un. Exzeptionell ass, datt een d'Offer och den 11. November ugebueden huet, op engem Mëttwoch also matten an der Woch. Hei war Feierdag a Frankräich. Mä wéi kënnen d'Bedreiwer esou niddreg Präisser erklären. Bei engem Ënnerscheet vun 1 bis 2 Cent pro Liter beaflosst, dat de Benefice vun enger Tankstell net wierklech, mä bei engem Ënnerscheet vun 20 Cent oder méi gesäit dat anescht aus.
"Et ass ganz einfach: Mir maache guer kee Benefice. Mir verkafen de Bensinn fir den Akafspräis plus d'Transportskäschten an d'TVA", esou den Direkter weider. Dës Marketing-Aktioun schéngt och Succès ze hunn an de Stéphane Canossini hofft, datt ee se nach bis op d'mannst bis Enn vum Joer kann duerchzéien.
Déi franséisch Supermarchéschaîne ass vill an de soziale Medien aktiv, fir do Clienten unzezéien. Dat och hei am Land, wou Leclerc zanter 2024 present ass. Iwwert de Wee goufe vill Clienten dann och lues a lues op d'Pompelstatioun vum Supermarché zu Féiz opmierksam. An de soziale Medie ruffen d'Annoncë vun de Präisser ëmmer nees vill Reaktiounen ervir. "Ass dëst KI?" oder "Den Diesel fir de Präis vum Waasser", si just e puer vun de Commentairen, déi een drënner liese kann.
Grad wann et Clienten aus Frankräich ugewise kréien, ass et fir si schwiereg sech virzestellen, datt esou eng Statioun existéiert. An awer: déi sozial Medien combinéiert mat Mundpropaganda hunn zum Succès vun dëser Aktioun an domadder och dem Leclerc zu Féiz bäigedroen. "Et zitt vill Leit an eisen Hypermarché, mä natierlech och op Féiz am Generellen", esou de Stéphane Canossini weider.
Mä wisou ass d'Statioun vu Leclerc déi Eenzeg am Land, déi de Bensinn fir esou e Präis ubitt. Hu si dat Recht dofir iwwerhaapt?
Fir dat ze klären, huet RTL beim Groupement Energies Mobilité Luxembourg, kuerz GEML, nogefrot. Si vertrieden d'Majoritéit vu de Pëtrolsentreprisen hei am Land. Leclerc ass awer net Member. Mä wisou? "Eis ass do kee spezifesche Grond bekannt", seet de Jean-Marc Zahlen. De Generalsekretär vum GEML wëll awer de Fakt, datt Leclerc elo um Lëtzebuerger Pëtrolsmarché aktiv ass, net weider kommentéieren. "De GEML huet keng Asiicht an d'Stratégie commerciale vu Leclerc an och net op d'Struktur, wéi si d'Produiten akafen", esou den Zahlen.
Hien erkläert awer weider, datt "d'Zuel vun den Tankstellen iwwer déi lescht Jore relativ stabel bliwwen ass, ronn 230 bis 240 Statiounen." Bewosst ass de Jean-Marc Zahlen sech awer och, datt d'Energietransitioun "de Secteur fundamental verännere wäert." Datt ëmmer méi Elektroautoen op de Maart kommen, wäert d'Tankstellen dozou zwéngen, sech an hir Offer unzepassen.
De Maximalpräis zu Lëtzebuerg gëtt un Hand vu verschiddene Parametere ausgerechent. De Präis vum Produit, wann en d'Raffinerie verléisst (op der Grondlag vun der internationaler Notéierung, dem Wiesselcours tëscht Dollar an Euro asw.), de Logistikskäschten (Transport, Logistik, Vertrieb), de Steieren an Accisen esou wéi der TVA.
D'Statiounen zu Lëtzebuerg dierfen Bensinn, Diesel a Co awer net méi deier verkafen, wéi de Maximalpräis, dee vum Staat fixéiert gëtt. "All Acteur ass awer fräi, fir méi niddreg Präisser unzeginn, esoulaang se de legale Kader respektéieren", erkläert de Jean-Marc Zahlen. Mä wisou gëtt et net gemaach?
Fir de President vun der GEML Eric Bleyer ass et schwéier, fir de Schema vu Leclerc nozestellen. "Dësen Acteur ka Clientë fir säi Hypermarché unzéien an esou e Benefice maachen. Dëst Virgoen ass awer fir déi meescht Tankstellen am Land schwéier fir duerchzezéien".
Kann een dorausser d'Conclusioun zéien, datt et eng Aart Ofsprooch tëscht den Händler gëtt, fir sech op den héchstméiglechste Präis ze eenegen. "Nee", seet de Generalsekretär. "De GEML huet keen Abléck op d'Präisser, déi vun hire Membere fixéiert ginn, an och net op d'Geschäftsstrategie. All präislech Ofsprooch ass natierlech illegal. Zu Lëtzebuerg wéi och an der EU sinn Ofsproochen tëscht Entreprisen, déi doduerch d'Kompetitivitéit verfälschen oder eng Verfälschung bezwecken, verbueden." Weider "gëtt et menges Wëssens no keng Decisioun oder Sanktioun vun den zoustännegen Autoritéiten am Zesummenhang mat Ofsproochen, déi d'Kompetitivitéit beaflossen."
Wéi rezent am Le Quotidien ze liese war, "haten Ofsproochen, déi d'Kompetitivitéit beaflossen, am Joer 2025 zu Sanktioune géint Pëtrolsproduzenten an Italien a Frankräich gefouert. Indicen, datt et z Lëtzebuerg zu enger änlecher Decisioun koum, konnte mir awer net fannen."
Et bleift ze kucken, ob d'Strategie vu Leclerc Féiz eng Ausnam um soss ganz disziplinéierte Maart vun den Tankstellen zu Lëtzebuerg bleift, oder ob sech aner Entreprisen d'Strategie ofkucken.