
Déi Lénk fuerderen en Tram fir de ganze Süden, deen déi verschidde Quartieren an de Minettsgemenge verbënnt an eventuell och an Nopeschgemengen iwwert der Grenz fiert. Weider fuerdere se eng Steier op Kerosin. Dat war de Message vun der Oppositiounspartei en Donneschdeg de Moie virun der Press.
An der Klimapolitik wier an de leschte Méint eng komplett falsch Debatt gefouert ginn. Wann d'Tanken hei zu Lëtzebuerg méi deier géing ginn, géingen zwar manner Leit hei tanken an dat wier gutt fir eisen Emissiounsbilan, mee dat hätt awer ganz wéineg reellen Impakt op d'Ëmwelt oder dorop, wéi vill Leit mam Auto fueren.
Déi Lénk fuerderen och e Modell fir d'energeetesch Sanéierung vu Gebaier virzefinanzéieren an d’Mise en place vu Wäermenetzer. D'Produktioun vun erneierbaren Energien misst hei am Land ausgebaut ginn, grad wéi d'Méiglechkeete fir Energie ze stockéieren.