Positive BilanE Sonndeg ass de Vëlossummer 2022 op en Enn gaangen

Anne Wolff
Et ass e bësse méi kill an domat optimaalt Vëloswieder. Passenderweis war e Sonndeg dann och de leschten Dag vum Vëlossummer.
E Sonndeg ass de Vëlossummer 2022 op en Enn gaangen
Et ass e bësse méi kill an domat optimaalt Vëloswieder. Passenderweis war dann e Sonndeg dann och de leschten Dag vum Vëlossummer.

Ënnert anerem am Réidener Kanton, dem sougenannten “Wëlle Westen”, konnt een e Sonndeg nach seng Ronnen dréinen. Hei ware fir d’Cyclisten nees eng Rëtsch Stroosse gespaart.

De leschten Tuer vum sougenannte Vëlossummer ass gutt 30 Kilometer duerch de Réidener Kanton gaangen. De Bilan vun de Participante war positiv, eenzeg a punkto Gastronomie wier nach e bësse Sputt no uewen. E mobile Ravitaillement soll dofir Enkpäss iwwerbrécken.

D’Organisateure si mam Vëlossummer zefridden, och wann d’Ofspäre vun de Stroossen opwänneg ass. De Frank Barthelmes huet de Vëlossummer mat organiséiert an hofft, doduerch och en Zeechen ze setzen a fir méi sécher Vëlospisten an der Regioun ze suergen.

Et wéilt een och net Autoe géint Vëloen ausspillen, ma d’Stroossespäre wieren effektiv eng Konditioun, fir beim Vëlossummer matzemaachen, heescht et vum Kantons-Syndikat. Et wieren och Strecken ouni Ofspärungen eragereecht ginn - déi wieren awer net zréckbehale ginn. Trotzdeem hofft een, dass een d’nächst Joer Manner zousetze muss.

Back to Top
CIM LOGO