
Luxair flitt elo direkt op Helsinki an Edinburgh. Béid Destinatioune ware zënter Jore staark nogefrot, sou d'Airline an engem Schreiwes um Samschdeg.
Helsinki gëtt zweemol d'Woch ugeflunn, méindes an donneschdes. Op Edinburgh ginn et zwee Flich d'Woch, méindes a freides.
Mat deenen zwou neie Strecken erweidert Luxair hiert europäescht Streckennetz weider.