Trump 2.0 ass nach méi geféierlech ginn

Dem alen an neien US-President seng Aussoe schéngen op den éischte Bléck dacks absurd, seng Iddie komplett abstrus an a ville Fäll sinn se och direkt esou net ëmsetzbar. Ma se dowéinst net eescht ze huelen a sech net doriwwer opzereegen ass geféierlech, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.
D‘Welt 2025 ass eng aner wéi 2017, wéi den Donald Trump déi éischte Kéier President vun den USA ginn ass. Dës Kéier huet hie vill méi Muecht, well et esouwuel an den eegene Reien, wéi och institutionell manner bis guer keng Oppositioun méi gëtt.
Commentateure schwätze vun der „Grousser Kapitulatioun“ vun de groussen Entreprisen an Tech-Milliardären à la Musk, Bezos a Zuckerberg. Déi lescht Méint iwwer sinn se alleguer reegelrecht bei den Donald Trump a Florida gepilgert. Dat fir a senger Gonscht ze stoen, an der Hoffnung op nach méi Erfolleg, Suen a Muecht.
Am Donald Trump sengem direkten Ëmfeld fënnt een iwwerdeems just Leit, déi him nom Mond schwätzen a kompromësslos loyal sinn. Wärend senger éischter Amtszäit ass jo scho kloer ginn, datt Kritik oder aner Meenungen net appreciéiert sinn an ee séier den Job am Donstkrees vum President kënne kaschten. Derbäi komme Ministeren a Ministeschen, deenen hir gréisste Kompetenz fir dee Posten, hir Loyalitéit zum President schéngt ze sinn.
Bal dat Geféierlechst ass awer, datt hien um institutionelle Plang a bannent der eegener Partei antëscht quasi fräi Bunn huet. Laang ass geschwat ginn, vun erfuerene republikanesche Senateuren a Parteimembere mat gesondem Mënscheverstand, déi am schlëmmste Fall dem Trump schonn erëm den Dicks riichten. Bei den Auditioune vun den neie Regierungsmemberen huet et awer guer net méi duerno ausgesinn. Et kéint ee bal mengen, si hu sech verschidden Nominatiounen an hire Statements selwer musse schéi rieden, esou absurd waren deels d‘Argumentatiounen.
Derbäi kënnt, datt et aktuell eng Majoritéit vu konservative, republikanesche Riichter um ieweschte Geriicht an den USA, dem Supreme Court, gëtt. E weidert Géigegewiicht, dat d‘Politik u sech soll an hire Limitten halen, dat ewechfält.
Wann den Donald Trump also Saache seet, déi fir eis Oueren absurd kléngen, sollt een dat trotzdeem net ënnerschätzen an als dommt Geschwätz ofdoen. Et maach sinn, datt dat eent oder anert effektiv net ëmzesetzen ass. Ma déi lescht Joren hunn eis gewisen, wéi wäit hie mat senger Aart a Weis scho komm ass.
Enger Aart a Weis, déi am Klengen iwwregens scho längst och bei eis praktizéiert gëtt. Den Discours gëtt beaflosst andeems Lige verbreet a Wierder verharmloost ginn. Riets Ideologië ginn als Mainstream duergestallt an als Verdeedege vun den Interessie vun de klenge Leit.
Haut gëtt an den USA oppen iwwer Massendeportatioune geschwat, d‘Ukrain kéint muer fale gelooss ginn, well de Putin jo guer kee sou schlechte Kärel ass, an de Klimaschutz ass geschwë just nach eng vag Erënnerung an der US-Politik. D‘Konsequenze vun all deem sinn ze grouss, fir sech net doriwwer opzereegen an dogéint ze protestéieren. A wann dat bedeit, datt Politiker a Politikerinne weltwäit sech ëmmer erëm musse géint esou Aussoen a Dote vum Trump positionéieren a mir an der Press all gudden Dag erëm eng nei abstrus Iddi erklären a kontextualiséiere mussen, dann ass dat zwar ustrengend, ma dofir net manner néideg.