De Commentaire vum Annick GoerensBankrott-Erklärung fir de Sport

Annick Goerens
Et war déi sportlech Kontrovers vum Weekend. D'Marie Schreiber huet am Sprint d'Course vun der Cyclocross-EM an Holland fir sech decidéiert. No der Course gouf d'Lëtzebuergerin awer vum Jury op déi zweet Plaz zréckgestuuft, well si hir Konkurrentin Lucinda Brand beim Sprint soll gehënnert hunn. D'Aart a Weis wéi dat Ganzt geschitt ass, dreift eis Journalistin Annick Goerens och e puer Deeg duerno nach op d'Palm.
© RTL

Et deet mer fir d'alleréischt mol einfach leed fir den exzeptionellen Exploit vum Marie Schreiber, well dat Eenzegt iwwer dat elo geschwat gëtt, ass just nach déi ganz Kontrovers ronderëm de Schlusssprint. An net déi fantastesch a flott Course, déi d'Lëtzebuergerin gefuer ass. Och déi aktiv Weltmeeschterin d'Lucinda Brand huet an engem Interview no der Course gesot, d'Marie Schreiber hätt si extrem un hir Limitten bruecht, grad op den Trapen wier d'Lëtzebuergerin super staark gewiescht. Jo an du koum den ominéisen Sprint. Déi 16 Sekonnen, op déi elo alles reduzéiert gëtt an dat och nach zu Ongonschte vun der Lëtzebuerger Cyclistin.

Commentaire vum Annick Goerens

Et hat kee Protest no der Course ageluecht

Fir mol direkt kloer ze stellen: d'Marie Schreiber huet mat hirem Sprint keen a Gefor bruecht. Dat wier nämlech déi alleréischt Basis, op där esou eng Entscheedung ze verstoe gewiescht wier.
Wa mer eis dann d'Reegele vun der UCI, also dem Weltcyclisteverband, ukucke ginn, da steet do beim Cyclocross och keng genee Definitioun, wat een irreguläre Sprint dann eigentlech soll sinn. Der hollännescher NOS no wier d'Marie Schreiber vun hirer Linn ofgewach an hätt d’Lucinda Brand dobäi kuerz behënnert. D'Lucinda Brand sot de Kommissären no der Course awer selwer, si wier do net laanscht komm a wier och net vum Marie Schreiber gehënnert ginn. Spréch d'Hollänner hu keen offizielle Protest no der Course ageluecht. D'Jury huet sech selwer saiséiert. Mee firwat? Et gouf jo kee Masse-Sprint, et war masseg Plaz op der Zillinn a wann een déi Reegel bei de Massesprinten op der Strooss genee esou streng géif ausleeën, da kéinte beim Tour de France vun de Männer, wuel no bal all Sprint e puer Coureuren zeréckgestuuft ginn.

Wie souz an dem Jury?

Komme mer also elo bei e Punkt, dee fir nach méi Froe suergt. Wie souz dann an deem Jury? Zwielef Leit. Un der Spëtzt den Italiener Ernesto Maggioni, deen als President dat lescht Wuert hat. Schonn dat fannen ech éischter speziell, well grad wann et eng kontrovers Decisioun ass, misst d'Majoritéit zielen an net d'Meenung vun engem Mann, deen och nach als Paragraphe-Reider bekannt ass. Hien hat zum Beispill d'Team-Kolleegin vum Marie Schreiber, d'Lorena Wiebes, beim Giro d’Italia Women disqualifizéiert, well... an elo passt op: hiren Vëlo 20 Gramm ze liicht war an net op déi néideg 6,8 Kilo koum. D'Lorena Wiebes hat déi éischt Etapp gewonn a krut dunn net just hir Victoire oferkannt, mee gouf och nach komplett vum Giro d'Italia disqualifizéiert.

Respektlosen Ëmgang mat Athletinnen

Da kënnt a mengen Aen nach eng respektlos Form vun de Kommissären vis-à-vis vun den Athletinnen derbäi. D'Marie Schreiber sot eis no der Course an engem Interview, d'Kommissären hätte si mol net ausschwätze gelooss. De Chef vun de Kommissäre sot dunn nach, hie géing decidéieren a sou wéi hien et géing soen, wier et dann och. Dee Saz bréngt mech effektiv, wéi een esou schéi seet, op d'Palm, well an dësem Fall nach d'Wuert vun engem Mann méi zielt, wéi dat vun den zwou betraffene Sportlerinnen. An keen aneren aus dem Jury, dee sech do asetzt, fir fir méi Gerechtegkeet ze suergen. Wann eng Jury enger Cyclistin esou eng wichteg Victoire forthëlt, da muss si hir fir d'éischt emol nolauschteren. An duerno muss si erkläre kënnen, wou genee d’Reegel verletzt gouf. Béides ass net geschitt.

Genee doduerch bleift awer dann dat op der Streck, wat mir am meeschte schätzen. De sportlechen Geescht, de Fairplay, de super serréierte Kampf tëscht zwou Sportlerinnen, deen duerno duerch een Mënsch zerstéiert gouf.

Dat ass eng Bankrott-Erklärung fir de Sport.

PDF: UCI Reglementatioun

Back to Top
CIM LOGO