
Ma och d‘Victoire a Bulgarien war deemools schonn deier bezuelt. Well nieft den Absencë vum Ofwier-Chef Seid Korac an dem Mëttelfeld-Dirigent Christopher Martins koum och nach déi schro Blessur vum Danel Sinani, deem beschten Offensiv-Spiller, dobäi. Datt och de Leandro Barreiro a kuerz och de Laurent Jans net dobäi waren, huet am Fong der Ekipp nach de Rescht ginn. Huele mir et vir ewech. Et dierf wuel net als Excuse gëllen, mee et ass awer eng vun den Erklärunge fir déi aktuell Resultater. Souguer um allerhéchsten Niveau kënnen déi bescht Spiller net einfach 1 zu 1 ersat ginn.
Als Beispill, wa bei den Englänner Kane, Bellingham a Rice géife feelen oder d'Fransousen ouni Mbappé, Olisé an Upamecano géifen untrieden, géif een dat souguer bei deenen Ekippe mierken, obwuel déi nach eng ganz aner Unzuel u Spiller hunn. Dir verstitt op allefalls, wat ech mengen. An awer muss ee méi wäit kucke wéi dat.
"After Nations League Blues"
Fakt ass, d‘Confiance ass fort. D'Euphorie ëm d'Ekipp ass um selwechte Punkt wéi d'Temperature gëschter an Island an den Effekt vum Trainerwiessel ass no engem décke Joer verpufft. Et bréngt awer elo och näischt fir Probleemer oder Diskussioune wëllen emotional ze léisen oder ze féieren. Am beschten ass et, sachlech a fair ze bleiwen an de Fanger awer däitlech do an d’Wonn ze leeën, wou et och wéi deet. Sou wéi et beispillsweis de Golkipp Anthony Moris dacks no Néierlage mécht.
D'Rout Léiwen di sech den Ament schwéier an dat a villen Deeler. Déi individuell Qualitéit geet aktuell net duer, fir mat Natioune wéi Island oder souguer och Estland matzehalen. Déi déck Jore vun der FLF-Formatioun sinn Deel vun der Vergaangenheet an d'Realitéit ass eng aner. Och dat ka séier nees änneren. E puer positiv Resultater, besser Leeschtungen an och virun allem Goler géifen duergoen. Mee do ass een aktuell net. Lëtzebuerg schéisst op der enger Säit keng Goler oder spillt sech wéi e Freideg géint Estland an e Méindeg an Island praktesch keng Golchancen eraus. Wann dann och nach déi defensiv Stabilitéit feelt an een ze vill Géigegoler kritt, da gëtt et schwéier e Futtball-Match ze wannen.
Datt zu Monnerech eng Diskussioun ronderëm den Trainer entsteet, gleewen ech net. Wann ee virun der Nations League d'Zeeche setzt, fir mam Jeff Strasser och nach bis de Juni 2028 ze verlängeren, da muss een eigentlech och an dësen Zäiten zu him stoen an dru gleewen, datt hien d‘Ekipp nees op déi richteg Schinn kritt. Ob dat geléngt, gesäit een an den nächste Méint. Well d'EM-Qualifikatioun wäert séier kommen an am Dezember weess ee géint wien et geet.
D‘"Moment-Opnam" ass déi, déi et ass. D'Zukunft läit an der Hand vun de Spiller an der Ekipp. Well et ginn och positiv Saachen. Wann ee kuckt, wéi grouss den Undrang am Stadion fir d‘Matcher ass, wéi d‘Stëmmung trotz de Wiederkonditiounen an der Leeschtung vun der Ekipp iwwer wäit Strecke géint Estland war an datt souguer méindes owes eng Partie Spectateuren zu Reykjavik stinn, fir d‘Rout Léiwen ze ënnerstëtzen, dann ass ee genau deenen eppes schëlleg.