En Dënschdeg stoungen d’Fraktiouns- respektiv Sensibilitéitscheffe vun CSV, DP, LSAP, déi Gréng, déi Lénk a Pirate geschlosse beim Riednerpult an der Chamber, fir eng Resolutioun géint all Zort vun Attacken op d’Mënscherechter ze deposéieren.

Commentaire vum Michèle Sinner

Ausléiser fir esou vill aussergewéinlechen iwwerparteilechen Zesummenhalt war den ADR-Deputéierten Tom Weidig. Um sozialen Netzwierk Facebook hat hien engem gewësse Patrick säi Commentaire approuvéiert, dee sot, et misst een och hei «kämpfen», LGBTQ misste «vernicht» ginn. Nationalsozialistesche Vocabulaire a nationalsozialistesch Ideologie «in Reinform», wéi se déisäits der Musel géife soen, wou virun 80 Joer Queerer als moralesch verkommen an abweichend Subjekter a Prisongen a Konzentratiounslager geschéckt goufen.

Dem Tom Weidig huet sech op Mediennofro entschëllegt an erkläert, hien hätt dat onwëllentlech gemaach, ouni de Kommentar ze liesen. Mee datt hie souzesoen op der Tastatur ausgerutscht ass a bei enger onglécklecher Landung op der Computermaus malgré lui engem Deel vun der Bevëlkerung d’Recht ze liewen ofgeschwat huet, ass net credibel. Dem Tom Weidig seng Derapagen hu System, hallefgebaken Excusen inclus. Genee esou wéi seng Hetz am Kulturkampf géint d’LGBTQI-Communitéit. Sou gesinn an der Diskussioun ëm d’Education sexuelle an de Schoulen. Dobäi ass et mol kee Widdersproch, wann hie seet, en hätt net wëlle géint Leit perséinlech goen. Et muss ee selwer net eenzel queer oder Transpersounen haassen, fir den Haass an d’Angscht vun aneren z’instrumentaliséieren a waltaktesch auszenotzen.

Dofir war et sécherlech e wichtegt Zeechen, datt all Parteien an der Chamber, d’Resolutioun gestëmmt hunn, fir d’Mënscherechter ze verdeedegen, déi d’Fundament vun eiser Demokratie sinn. Mee vu datt d’ADR an den Tom Weidig se och matgestëmmt hunn, ass d’Fro, wat esou Zeeche wäert sinn a wat d’Demokratie soss nach ka maachen, fir ze verhënneren, datt hir eege Vertrieder an der Fräizäit un de Fundamenter seeën  - ier se an e Koup fält.

Den Tom Weidig ka sech kaum op seng Deputéierten-Immunitéit stäipen, wann en a soziale Medien ënnerwee ass. Et ass also net ausgeschloss, datt d’Plainte vun der Organisatioun Rosa Lëtzebuerg géint hie Konsequenze kritt, wa se beim Parquet hire Courage an de Grapp huelen. Ma d’Chamber selwer misst sech och eege Moyene ginn, fir Deputéierten ze sanktionéieren, wa se sech bannent oder baussent der Chamber donieft behuelen. Zum Beispill wa se déi gesetzlech Limitten vun der Meenungsfräiheet briechen an d’Dignitéit vum Mënsch a Fro stellen.

A wa se sech de Virworf net wëll gefale loossen, brong Ideologie an den eegene Reie ze decken, muss och dem Tom Weidig seng Partei Faarf bekennen. Souguer wann déi Sympathisanten, déi den Tom Weidig mat sengen Derapagë kultivéiert huet, dofir elo schonn an de soziale Medien «Verrot» jäizen.

Viru Joren huet D’ADR de Joé Thein ausgeschloss, well en op Facebook ausgerutscht war. Ma dee souz net an der Chamber an den Enjeu war méi kleng. Elo muss d’ADR decidéieren, ob se d’Demokratie an d’Mënscherechter wierklech léiwer huet wéi d’Fraktiounsstäerkt.