RTL-FaktencheckGewiicht vun der Remorque: Wat dierf ech mam Auto zéien a wéi eng Roll spillt de Permis?

RTL-Faktencheckekipp
Net all Auto dierf all Gewiicht zéien an net all Permis erlaabt et, schwéier Remorquen unzehänken.
Den Transport vun engem Auto mat enger Remorque.
Den Transport vun engem Auto mat enger Remorque.
© duallogic on Envato

Am Kader vum Faktencheck-Dag hate mer eis User opgeruff, eis hir Proposen eranzeschécken, wat si gären iwwerpréift hätten. Eng vun de Froen huet sech mat der Laascht, déi ee mat sengem Auto dierf zéien, beschäftegt: “Däerf zum Beispill een Auto mat enger Maximal-Unhänger-Laascht vun zwou Tonnen eng Remorque, déi op 3,5 Tonnen ugemellt ass, unhänken an eidel oder nëmme bis zwou Tonne belueden (eidel Remorque + Beluedung = 2T) domadder fueren oder muss Remorque méi kleng oder identesch wéi Maximal-Unhänger-Laascht vum Auto ugemellt sinn?”

Mobilitéitsministère als Referenz

Dës Fro hu mer u verschidden Acteuren, déi an dësem Beräich aktiv sinn, geschéckt. D’Sécurité routière huet sech entschëllegt, well si aktuell op enger Konferenz sinn an dowéinst d’Froen net am gesaten Delai konnte beäntweren. D’ASBL hat eis awer uginn, fir dëst bei enger Farschoul respektiv beim Mobilitéitsministère selwer nozefroen. D’Police huet eis och op de Mobilitéitsministère verwisen, well esou Froen an hirer Zoustännegkeet leien.

Och vun enger Farschoul huet et dann och geheescht, datt een dës Fro besser un de Ministère riicht, well d’Gesetz an dëser Froestellung net ganz kloer wier. Grad den Detail, ob en Auto, dee maximal 2.000 Kilo dierf zéien, eng Remorque, déi op 3.500 Kilo ausgeluecht ass, dierf unhänken hunn, wann d’Remorque awer d’Gewiicht vun 2.000 Kilo net iwwerschratt huet, wier net einfach ze beäntweren.

Kuerz definéiert: MMA, MMTA, MTMA an CoC

Permis, deen Automobilist huet, spillt eng Roll

Éier ee mol iwwerhaapt kuckt, wat den Auto kann oder dierf zéien, muss een emol sécherstellen, datt een de richtege Permis huet, fir mat deem viséierte Gespann kënnen ze fueren, heescht et vum Mobilitéitsministère. Den normalen Autosfürerschäin ass de Permis “B”. Ass d’Gespann, also d’Gefier plus déi beluede Remorque, net méi schwéier wéi 3.500 Kilo, esou geet dësen duer, fir dierfen domadder ënnerwee ze sinn.

Eng Remorque vun enger MMA vu maximal 750 Kilo dierf ee mam Permis B zéien. “Wann d’Remorque méi wéi 750 Kilo MMA huet, da geet dat mam Permis B nëmmen dann, wann Auto plus Remorque zesummen net iwwer 3,5 Tonnen MMA kommen”, präziséiert nach de Ministère.

Ass d’Gewiicht awer méi héich, spréch tëscht 3,5 Tonnen a 4,25 Tonnen, brauch een de Permis “B” mam Code 96. Fir all Gespann, wat iwwer 4.250 Kilo geet, brauch een de Permis “BE” respektiv e méi spezialiséierte Fürerschäin.

Beispill vun der Récksäit vun engem Fürerschäin vun enger Persoun, déi déi verschiddenst Permise gemaach huet.
Beispill vun der Récksäit vun engem Fürerschäin vun enger Persoun, déi déi verschiddenst Permise gemaach huet.
© RTL Grafik
Déi verschidde Permise kuerz erkläert

Wéi ee Gewiicht dierf een zéien?

Fir op dës Fro elo méi genee kënnen anzegoen, musse mer de Permis an d’MTMA vum Auto am Bléck hunn. Den Unhänger dierf een “esouwäit benotzten, wéi et technesch admissibel ass”, esou de Ministère.

Huele mer d’Beispill vun der Remorque mat engem MMA vun 3,5 Tonnen, esou wéi se an der Froestellung genotzt gouf. Fir dës Remorque dierfen ze zéien, brauch een de Permis “BE”. Dëst bedeit also esouguer, wann dëse spezifeschen Unhänger eidel ass an an deem Zoustand zum Beispill just 500 Kilo weit, datt een en trotzdeem net dierf zéien, wann ee just de Permis “B” huet. D’MMA vun 3,5 Tonne vun der Remorque geet wäit iwwert dat eraus, wat ee mam Permis “B” dierf zéien an den Unhänger fält net automatesch an d’Klass “B” zeréck, nëmme well dësen elo eidel just nach 500 Kilo weit. “Wann eng Remorque op 3,5 Tonnen oder méi immatrikuléiert ass, brauch een de Permis “BE’”, heescht et vum Ministère.

Huet een awer de richtege Permis, esou dierf een dës Remorque zéien, esou laang hiert reellt Gewiicht net méi schwéier ass wéi dat, wat den Auto och zéien dierf. Et muss een also an dann d’MTMA - also d’Masse tractable maximale autorisée - vun der Zuchmaschinn consideréieren.

Op d’Längt muss een duebel oppassen

Wann een de Permis huet, fir déi spezifesch Remorque ze zéien, an och den Auto drop ausgeluecht an ugemellt ass, fir de gewollten Unhänger ze zéien, muss d’Remorque selwer nach d’Konditioune vun der Héicht, der Breet an der Längt erfëllen. Am Prinzip dierf eng Remorque maximal 2,55 Meter breet sinn a 4 Meter héich sinn. D’Längt vun der Remorque ass dann op 12 Meter limitéiert, dat awer just, wann d’Gespann vu Gefier an Unhänger net méi laang ass wéi 18,75 Meter.

Fazit: Et muss ee béid Volete kucken

Éier ee sech hannert d’Steier sëtzt, fir säi Gefier mat der Remorque ze zéien, muss een e Bléck op de Permis werfen an déi technesch Detailer vum Auto an der Remorque iwwerpréiwen. “Et dierf een eréischt fueren, wann de passende Permis do ass, woufir ee sech op d’MMA vun de Gefierer bezitt. Heibäi ass et net relevant, ob e Gefier belueden ass” esou de Mobilitéitsministère, mä d’MTMA vun der Zuchmaschinn muss méi héich sinn, wéi dat tatsächlecht Gewiicht vum Unhänger, egal ob belueden oder net, deen een zéie wëll.

Fir d’Ausgangsfro dann ze beäntweren: Jo, et dierf ee mat engem Auto, deen eng MTMA vun zwou Tonnen huet, eng Remorque zéien, déi op 3,5 Tonnen ugemellt ass, esoulaang een hei de passende Permis huet an den Unhänger selwer plus d’Charge net méi schwéier ass, wéi dat, wat den Auto senge Pabeieren no dierf zéien.

Back to Top
CIM LOGO