
De Robert Pattinson gëtt den nächsten James Bond. Dat huet Amazon MGM Studios e Méindegmëtteg annoncéiert. Domat ass hien de 7. Schauspiller, deen déi ikonesch Roll iwwerhëlt. An enger éischter Reaktioun schwätzt de Robert Pattinson vun enger grousser Éier. "Domat fänkt eng nei Ära fir eng vun de gefeierste Figuren an der Filmgeschicht un", sot d'Produktiounsgesellschaft Amazon MGM Studios der Internetsäit 007.com.
D‘Dréibuch fir den nächste Film ass vum Steven Knight geschriwwe ginn. Den Denis Villeneuve soll d‘Regie iwwerhuelen. Am Mee war annoncéiert ginn, datt de Casting fir den nächsten James Bond géif lafen.
De 40 Joer ale brittesche Schauspiller war bis elo ënner anerem als Batman duerch Gotham City ënnerwee oder och als Vampir aus der Twilight-Saga bekannt. Säin Duerchbroch als Schauspiller huet de Pattinson als Cedric Diggory am Harry-Potter-Film vun 2005 gepackt.