Kuerz no 11 Auer e Méindeg koum et zu engem Accident mat engem Pompjeescamion. Dat op der N6 am Ausgang vum Wandhaff a Richtung Stengefort.
Wéi et vun der Plaz heescht, wier et beim Materialschued bliwwen.
Eng Spuer ass wéinst dem Accident blockéiert. Et staut a béid Richtungen.