Kläpperei virun Disko zu FéizEng Persoun um Kapp blesséiert, eng weider am Gesiicht

RTL Lëtzebuerg
D'Police war e Sonndeg de Moie fréi wéinst enger Kläpperei op Féiz geruff ginn. Op der Plaz hu si zwee Blesséierter ugetraff, déi um Buedem louchen.
© Domingos Oliveira

Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg de Moien zu enger Kläpperei op engem Parking an der Géigend vun enger Disko zu Féiz. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert.

Wéi d'Polizisten op d'Plaz koumen, louchen zwou Persounen um Buedem, ouni sech ze beweegen. Eng vun de Persounen hat eng gréisser Blessur um Kapp, déi aner Blessuren am Gesiicht. D'Beamten hunn Éischt Hëllef geleescht, bis d'Ambulancieren ukoumen. Béid Blesséierter koumen an e Spidol.

D'Police huet Ermëttlungen zu der Kläpperei lancéiert.

Well esou vill Leit virun der Disko waren an e puer Leit sech onkooperativ verhalen hunn, waren direkt e puer Patrullen op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO