Traurege Rekord1.480 nei Doudesfäll an den USA, 588 a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
Bannent 24 Stonne goufen et an den USA an a Frankräich nees vill Doudeger duerch de Coronavirus.

Der Johns-Hopskins-Universitéit no sinn tëscht en Donneschdeg den Owend an Freideg den Owend 1.480 Doudeger enregistréiert ginn. Den Dag virdru waren et der 1.169.

An den Vereenegte Staaten ginn et aktuell am Ganze 7.400 Doudesfäll an iwwer 277.000 positiv Infektioune mam Coronavirus.

Den amerikanesche President Donald Trump huet seng Bevëlkerung elo opgeruff, fir an der Ëffentlechkeet de Mond an d’Nues ze bedecken, noutfalls och mat engem Schal. Medezinesch Otemschutzmaske solle fir d’Fachpersonal an de Spideeler a Fleege-Infrastrukture reservéiert bleiwen. Donieft gouf een Exportstopp fir dëst Schutzmaterial ordonéiert, dat am Numm vun der nationaler Sécherheet.

A Frankräich

A Frankräich sinn bis e Freideg den Owend a bannent 24 Stonne 588 Leit um Covid-19 an de Spideeler gestuerwen. Iwwer 6.600 Leit sinn an der Reanimatioun. Dovunner sinn 35 Prozent ënner 60 Joer al a 60 Prozent sinn tëscht 60 an 80 Joer. 93 Persoune wieren ënner 30 Joer.

Dat huet de franséische Gesondheetsminister Jérome Salomon e Freideg matgedeelt. Donieft ginn et am Hexagon iwwer 27.400 positiv geteste Corona-Fäll.

Et ginn nach ëmmer Patienten-Transferte gemaach, aus den iwwerfëllte Ballungszentere vun der Pandemie an der Ile-de-France an am Grand-Est an de Süde vu Frankräich an an d’Normandie.

Back to Top
CIM LOGO