
Wéi de Focus mellt, hätt ee sech am Lufthansa-Verwaltungsrot dorop festgeluecht, 10.000 Aarbechtsplaze wéinst der Coronavirus-Kris ze sträichen. Doriwwer eraus misst een d’Lufthansa-Flott, vu bis ewell 760 Maschinnen, ëm 100 reduzéieren.
Grond wier, datt ee Käschte reduzéiere misst, ier d’Relance vun de Ekonomie nees kéint lassgoen. Esou kéint een eréischt am Joer 2023 den Equiliber hierstellen, deen et virun der sanitärer Kris bei der gréissten europäescher Fluchlinn gouf, sou de Carsten Spohr.
Insgesamt huet d’Kris d’Lufthansa zolidd getraff. Bei eisen däitschen Nopere geet dovu rieds, datt d’Airline vum däitsche Staat finanziell misst ënner d’Äerm gegraff kréien, fir nees op d’Been ze kommen.
