Ausgangsspär wéinst Onwiederen10.000 Spuenier dierfen Haiser net verloossen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst de schwéieren Onwieder a Spuenien goufe knapp 10.000 Mënschen opgeruff, an hiren Haiser a Wunnengen ze bleiwen.

Fir d’spuenesch Gemeng Alcanar am Nordoste vum Land wier dem spueneschen Noutdéngscht no wéinst der Gefor vu schwéieren Iwwerschwemmungen eng Ausgangsspär verhaange ginn. Iwwerdeem war den Awunner vun Alcanar och gerode ginn, sech, wa méiglech, an den ieweschte Stäck vun den Haiser opzehalen.

Am fréien Nomëtteg hat den Noutdéngscht d’Ausgangsspär dann nees opgehuewen. Dat nodeems bannent 24 Stonnen eng 215 Liter Ree pro Quadratmeter zu Alcanar erofkomm waren.

Zanter e Samschdeg hänkt en isoléiert Déifdrockgebitt iwwer der ibeerescher Hallefinsel, wat deels sinnflut-aarteg Schauere mat sech bréngt. Den nationale Wiederdéngscht Aemet hat fir d’Gebidder Andalusien a Kastilien-La Mancha souwéi fir d’Haaptstad Madrid déi héchst Alarmstuf Rout ausgeschwat. Och den Zuchtrafic gouf deels ënnerbrach, well verschidde Strecken ënnerspullt goufen.

Och e Méindeg gëtt weiderhi mat uerge Wiederen a Spuenien gerecht.

Back to Top
CIM LOGO