Trotz Ausgangsspär am Bangladesch100.000 Persounen op Begriefnis vun islamesche Priedeger

RTL Lëtzebuerg
Am Bangladesch gëllt wéi a ville Länner op der Welt eng Ausgangsspär, wéinst der Pandemie.
© STR / AFP

E Samschdeg war d’Begriefnis vun engem islamesche Priedeger, op der Plaz waren an sech nëmmen 50 Persounen erlaabt.

Et gëtt awer geschat, datt a Wierklechkeet eng 100.000 Leit do waren. Dat dierft sech och an deenen nächsten Deeg an der Zuel vun de Leit erëmspigelen, déi sech mam Virus ugestach hunn.

Back to Top
CIM LOGO