Corona-Pandemie weltwäit112.000 Doudesaffer bis ewell, Europa am schlëmmste betraff

Maxime Gillen
An den USA sollen der Johns Hopkins Universitéit no scho méi wéi 22.000 Leit u Covid-19 gestuerwe sinn. Dovun eng 3.300 an Alters- a Fleegeheemer.

D’Pandemie vum Coronavirus, déi bis ewell weltwäit scho méi wéi 112.000 Doudesaffer gefuerdert huet, schéngt sech op d’mannst an Europa e bësse méi lues ze verbreeden.

Allerdéngs bleift Europa dee Kontinent, deen et bis ewell am schlëmmste getraff huet, mat gutt 75.000 Doudegen op eppes méi wéi 900.000 confirméiert Infektiounen. 80 Prozent vun den Doudesaffer koumen aus Italien, Spuenien, Frankräich oder Groussbritannien.

An Italien war et e Sonndeg den Owend d’Nouvelle, dass een zanter dem 19. Mäerz eng éischte Kéier erëm ënnert d’Grenz vu 500 Doudegen den Dag gefall ass.

An den USA sollen der Johns Hopkins Universitéit no scho méi wéi 22.000 Leit u Covid-19 gestuerwe sinn. Dovun eng 3.300 an Alters- a Fleegeheemer.

Back to Top
CIM LOGO