Schülerprotester a Frankräich12 Persounen zu Metz festgeholl

RTL Infos iwwersat vun RTL.lu
An der gréisster Stad hei vir a Frankräich sinn nees Schüler a Polizisten uneneegeroden.
Zanter Deeg scho ginn och d'Schüler zu Metz op d'Strooss.
© Gilles Hoffmann

An der Grenzregioun koum et am Laf vum Donneschdeg zu Metz, Ban-Saint-Martin, Thionville, Rombas, Saint-Avold, Freyming-Merlebach a Sarreguemines zu weidere Manifestatiounen. Wéi d'Préfecture de Moselle matdeelt, wieren hei 12 Leit festgeholl ginn, nodeem si "Steng a Mörser gehäit hunn, sech u Gewaltdote bedeelegt haten, oder ëffentlechen Eegentum beschiedegt hunn." Anerer hate Bensinnskanister oder Géigestänn, déi een als Waffe kéint notzen, dobäi. Och wéinst Brandstëftung gouf et Festnamen. Beim Asaz wier "ee Polizist blesséiert ginn", esou d'Prefekture weider.

Wéinst dem Ufank vun engem Brand esou wéi aneren Tëschefäll waren dann och d'Pompjeeë vum Metz am Kader vun de Manifestatiounen am Asaz. Am Nomëtteg koum et zu enger ugemellter Manifestatioun, zu deenen d'Gewerkschaften UNEF 57 a CGT 57 opgeruff haten. "Eng 400 Leit" hate sech den Zuele vun offizieller Säit aus op der Gare getraff. D'Prefekture seet hei, datt d'Manif ouni gréisser Tëschefäll ofgelaf ass.

Wéi och op villen anere Plazen am Land haten d'Schüler och den Zougang zu de Lycéeë blockéiert. Fannt heizou all d'Detailer op RTL Infos.

Back to Top
CIM LOGO