
Et soll dru geleeën hunn, datt de Mann net gutt gesäit. Dowéinst hat hien an engem Dampfbad zu Wien net de Waasserschlauch geholl, mä sengem Noper an der Sauna tëscht d’Bee gegraff.
Dat Ganzt ass am Saunaberäich vun engem Fitnessstudio passéiert. Dat 19 Joer alt Affer hat eng Plainte wéinst sexueller Belästegung gemaach. Déi ganz Affär ass dann och viru Geriicht komm, wou den 42 Joer ale Mann sech ebe mat der Excuse, datt hien net gutt géif gesinn an d’Geschlechtsdeel vum Bänknoper mam Waasserschlauch verwiesselt huet, sech verdeedegt huet.
Den Affekot vum Ugekloten ass esouguer esouwäit gaangen, an huet d’Situatioun viru Geriicht pantomimesch duerstelle gelooss, schreift déi éisträichesch Zeitung “Heute”. Och dat huet d’Riichterin net iwwerzeegt an esou gouf de Mann zu enger Geldstrof vun 13.500 Euro verurteelt.
D’Affer dogéint gouf fräigeschwat, well hie soll, esou de Verurteelten, d’Menace vu “Kieferbruch” ausgeschwat hunn. Nieft der Geldstrof viru Geriicht huet och de Fitnessstudio de Mann gestrooft. Hien huet definitive Saunaverbuet.