
Deemno soll kuerz virun 13 Auer ee Waggon vun der Achterbunn ofgebrach sinn. Ee Jong vun 13 Joer gouf un der Hand blesséiert. D’Visiteure vum Fräizäitpark “Tivoli Friheden” missten dësen doropshin direkt verloossen ier en zougemaach gouf.
D’Achterbunn mam Numm “Cobra” verleeft op 400 Meter laange Schinnen, a bis zu 25 Meter Héischt. Se kann eng Geschwindegkeet vu bis zu 70 km/h erreechen.
Schonn am Joer 2008, direkt no der Erëffnung vum Park, war et op der nämmlechter Achterbunn zu engem Accident komm, bei dem 4 Mënsche schwéier blesséiert goufen. Duerch ee Konstruktiounsfeeler war hei de viischten Deel vun der Bunn ofgebrach.