
Ronn 15.000 Zaldote si matgaangen. Donieft goufen 580 Panzer, 160 Fliger, aner Waffesystemer, souwéi Interkontinentalrakéiten op der Plaz vum Himmlesche Fridden dem Vollek presentéiert.

Et géif kee Land ginn, dat d’Fundament vun dëser grousser Natioun kéint op d’Kopp geheien, sou de Staats- a Parteichef Xi Jingping an enger Ried fir den Optakt vun der Parade.
Experte ginn dovun aus, dass déi kommunistesch Regierung a China, mat dëser Presentatioun u Waffen, hir militäresch Stäerkt wëll ënner Beweis stellen. D’Parade stoung ënner massive Sécherheetsmesuren. Ganz Quartieren a Stroosse ware gespaart ginn.
