
Bei Ausschreidungen um Bord vun de landeswäite Masseprotester a Frankräich sinn e Samschdeg 565 Leit festgeholl ginn. Dat huet de franséischen Inneministère e Samschdeg den Owend matgedeelt. Zu Paräis goufen donieft fënnef Membere vun de Sécherheetskräfte blesséiert, dräi dovunner duerch Molotowcocktailer.
Bei engem vun den Ugrëffer huet d'Uniform vun engem Gendaarm duerch e Molotowcocktail Feier gefaangen. Den Inneminister Laurent Nuñez huet an deem Zesummenhang vun engem "Mordversuch" geschwat. De Gendaarm wier glécklecherweis nëmme liicht blesséiert ginn. Den Nuñez huet lénksextreme Gruppen eng "ongeheierlech Gewalt" géint d'Sécherheetskräfte virgeworf. D'Demonstratiounen u sech wieren dogéint gréisstendeels friddlech verlaf.
Nom Enn vun engem Protestmarsch zu Paräis koum et zu heftegen Ausernanersetzungen. Vermummter sollen ënner anerem mat Hummeren a Steng Polizisten attackéiert hunn. D'Police huet Tréinegas agesat an ass mat Knëppele géint d'Randaléierer virgaangen. D'Präfektur vun der Police huet vun e puer honnert Randaléierer geschwat.
Och zu Marseille koum et no engem net autoriséierte Protestmarsch mat ronn 10.000 Participanten zu Ausernanersetzungen. De Buergermeeschter Benoît Payan huet d'Leit opgeruff, sech a Sécherheet ze bréngen an d'Aarbecht vun den Asazkräften net ze behënneren. Zu Lyon goufe Poliziste mat Géigestänn beworf, zu Toulouse huet d'Police Waasserwerfer géint eng net autoriséiert Demonstratioun agesat.
Am Groussraum Paräis hat sech d'Situatioun den Autoritéiten no bis e Samschdeg den Owend nees berouegt. Fir d'Quartiere République a Châtelet-Les Halles war an der Nuecht op e Sonndeg eng Ausgangsspär virgesinn. Landeswäit ware 70.000 Sécherheetsleit am Asaz. Dem Nuñez no goufen am Virfeld schonn eng 40.000 Kontrolle gemaach.
A Frankräich waren den drëtte Samschdeg hannerteneen Honnertdausende Leit op d'Strooss gaangen. Si protestéiere géint déi héich Liewenskäschten a Mëssstänn am Bildungssystem. Den Autoritéiten no hunn am ganze Land 320.000 Leit un de Protester deelgeholl, dovu 70.000 zu Paräis. Schüler- a Studentenorganisatioune schwätze vun am Ganze bal enger hallwer Millioun Participanten.
Schonn de 17. Oktober war et bei de Protester zu schwéieren Ausschreidunge komm. Un der Beweegung bedeelege sech och Gewerkschaften a fréier Aktiviste vun de Gilets jaunes. Si fuerdere mëttlerweil och méi Schutz fir d'Demonstratiounsrecht. Studentevertrieder hu fir déi nächst Woch Blockade vu Schoulen an Héichschoulen annoncéiert. Fir en Donneschdeg ass en neie Protestdag vun de Gewerkschafte geplangt.