
A Frankräich klëmmt d’Zuel vun de Coronavirus-Neiinfektiounen drastesch. E Sonndeg louch d’Zuel bei méi wéi 16.000 bannent 24 Stonnen, esou d’Santé. Op den Intensivstatioune leien den Ament 1.483 Patienten, wat den héchste Stand zanter Mee ass.
E Samschdeg goufen a Frankräich ronn 27.000 Neiinfektioune gemellt. Wéinst dësen héijen Zuele sollen d’Restriktioune vun en Dënschdeg un och zu Toulouse a Montpellier méi streng duerchgezu ginn.
Dëst geschitt, wa bannent siwen Deeg méi wéi 250 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner antrieden, wann d’Zuel vun den infizéierte Persounen iwwert 65 Joer bei méi wéi 100 läit a wann 30 Prozent vun de Better op der Intensivstatioun an enger Regioun besat sinn. An esou engem Fall muss sech u strikt Reegele gehale ginn: Baren a Sportshale mussen zoumaachen a Restauranten dierfen nëmmen nach ënnert bestëmmte Konditiounen opbleiwen.
Zanter e Samschdeg gëllen déi streng Mesuren zu Lyon, Grenoble, Saint-Etienne a Lille. D’Moossname goufe virdrun och schonn zu Paräis, Marseille, Aix-en-Provence a Guadeloupe agefouert.
Bei enger neier Etüd ass erauskomm, dass d’franséischt Gesondheetspersonal ëmmer méi iwwerlaascht ass. 57 Prozent vun den Infirmièren an Infirmiere sti virun engem Burnout. Virun der Pandemie waren et 33 Prozent.
Fir d’Etüd goufe ronn 60.000 Infirmièren an Infirmiere befrot. Zwee Drëttel vun hinnen hu gesot, dass d’Aarbechtskonditiounen zanter dem Ufank vum Coronavirus méi schlecht gi sinn.
