Coronavirus16,5 Millioune Leit an 196 Länner weltwäit infizéiert

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 650.000 Doudesaffer ginn et weltwäit scho wéinst dem Coronavirus, sou déi offiziell Zuelen vun e Méindeg.

USA hunn dee schlëmmste Bilan mat méi wéi 4,2 Milliounen Fäll an 146.968 Doudeger. Dono komme Brasilien, mat 87.004 Doudeger, Groussbritannien mat 45.752, Mexiko mat 43.680 an Italien mat 35.112.

Nodeems dem US-President Donald Trump säi Sécherheetsberoder positiv getest gouf, huet Washington 14 Deeg Quarantän agefouert, fir Leit déi aus 27 Staate kommen, déi als Risikogebidder gëllen.

Google huet annoncéiert, dass hir Employéen bis Juli 2021 vun doheem aus kéinte schaffen.

An der Belsch goufen d’Mesuren och verstäerkt. Et däerf een vun e Mëttwoch un an der Belsch elo just nach mat 5 Leit a Kontakt si bannent 4 Wochen, amplaz vun 15 virdrun. Teletravail gëtt staark recommandéiert.

Och zu Antwerpen sinn d’Infektiounszuelen an der Lescht erëm staark geklommen. Dowéinst goufen och do d’Restriktiounen nach emol verschäerft.

An Däitschland huet de Gesondheetsminister Jens Spahn e Méindeg ugekënnegt, dass all Mënsch, deen aus Risikogebidder kënnt, an Zukunft misst getest ginn. De Robert Koch-Institut warnt virun enger zweeter Infektiounswell a mécht den Appell un d’Leit, sech un d’Hygienesreegelen ze halen. Obschonn een d’Entwécklung laang am Grëff gehat hätt, géif den Trend och an Däitschland elo an d’Luucht goen. D’Erklärung vun de Wëssenschaftler vum RKI fir dës Entwécklung ass, dass d’Leit d’Gestes barrières net méi anstänneg géifen anhalen. Deemno sollten d’Leit och an der Vakanz Masken undoen an Ofstand zoueneen halen.

A Griichenland goufen d’Restrictiounen elo och verstäerkt. Ënnert anerem ass d’Maskeflicht méi streng ginn.

Zu Hong Kong goufen e Méinden och nei Mesuren agefouert. Schutzmasken sinn ab elo Flicht a Versammlungen iwwert 2 Persoune si verbueden.

A Brasilien hu Leit aus dem Gesondheetssecteur d’Cour Penale Internationale dozou opgeruff, eng Enquête géint hire President Bolsonaro ze maachen. Seng Reaktioun op d’Pandemie wier ee Verbriechen géint d’Mënschheet.

A Groussbritannien huet de Gouvernement e Méindeg ee Plang géint d’Obesitéit ugekënnegt. Iwwergewiicht géing d’Symptomer vum Coronavirus verstäerken. De brittesche Premierminister Boris Johnson hat ewell viru kuerzem gesot, dass säin Iwwergewiicht d’Symptomer vum Coronavirus verstäerkt hätt.

An Indonesien, 4. meescht bevëlkert Land op Welt, ginn et elo méi ewéi 100.000 Fäll. D’Dokteren warnen ëmmer erëm, dass d’Situatioun bei wäitem net ënner Kontroll wier.

A Marokko goufen an 8 Stied, dovunner och Marrakesch an Tanger, ee Lockdown agefouert. Et koum do zu Chaos op de Stroossen an op de Garen.

Zu Paräis huet de Chef vun de Paräisser Fluchhäfen annoncéiert, dass den Trafic réischt tëscht 2024 an 2027 erëm sou wäert sinn, wéi virun der Pandemie.

A Saudi-Arabien si bei der Mekka-Pilgerfaart dëst Joer just 10.000 Leit erlaabt géint 2.5 Millioune Leit d’lescht Joer.

A China hunn d’Autoritéite matgedeelt, dass de Virus sech a 5 weider Provënzen erëm verbreet hätt, dorënner och an der Haaptstad Peking. En Dënschdeg huet China och seng stäerksten Hausse gehat zanter Abrëll, mat 68 nei Fäll bannent 24 Stonnen. A China sinn aktuell 390 Leit wéinst dem Covid-19 am Spidol.

Back to Top
CIM LOGO