Lesbos2 Doudeger no Feier a Flüchtlingslager

RTL Lëtzebuerg
Ee Feier an engem komplett iwwerfëllten Flüchtlingslager zu Moria op der griichescher Insel Lesbos huet op d'mannst zwee Doudesaffer gefuerdert.

Et soll sech ëm eng Fra an ee Kand handelen. Dës Tragedie huet deels brutal Protester bei de Flüchtlingen am Lager ausgeléist.

Wéi et vun deene Betraffenen heescht, hätten d’Pompjeeën vill ze vill laang gebraucht, bis se am Lager ukomm wieren.

D’Police hat Tréinegas agesat, fir d’Situatioun ënner Kontroll ze kréien. Wéi et vun der griichescher Regierung heescht, wiere vun Athen aus weider Zaldoten mat Arméihelikopter op Lesbos geflu ginn.

Back to Top
CIM LOGO