
“Mir weise keen of”, sot nach de Lëtzebuerger Chefdiplomat. Nom Nato-Sommet d’lescht Woch wier hien net iwwerrascht, datt Russland d’Ukrain elo attackéiert, sot de Verdeedegungsminister François Bausch, och wann een dee Moment natierlech nach Hoffnung hat.
Bannent der EU an der NATO wier et elo besonnesch wichteg, sech solidaresch mat de baltesche Länner ze weisen an ze hëllefen, deenen hir Grenze mat Russland ze schützen. De Verdeedegungsminister huet begréisst, datt dat an den zoustännege Chamberkommissiounen och unanime ënnerstëtzt gouf. De François Bausch huet ënnerstrach, datt et bis ewell awer keen Unzeeche géing ginn, datt Russland NATO-Territoire attackéiere wéilt.
Wéi den ukrainesche Grenzschutz géint 13 Auer mellt, wieren d’russesch Truppen an den nërdlechen Deel vun der Regioun Kiew agedrongen. A Videoe gesäit ee russesch Helikopteren d’Banlieue vun der Haaptstad bombardéieren. Ukraineschen Zaldoten no wiere russesch Truppe just 20 Kilometer vu Kiew gesi ginn. Aner Videoe weise Panzere mat russesche Fändelen, déi op ukraineschem Territoire ënnerwee sinn. Donieft gouf viru Kuerzem gemellt, datt en ukrainesche Militärfliger bei Kiew erofgefall ass. Op d’mannst 5 Mënsche sollen ëm d’Liewe komm sinn. Am Ganze ware 14 Mënschen u Bord vun der Maschinn vum Typ Antonow An-26. Iwwert d’Ursaach vum Fligerongléck ass bis ewell nach näischt gewosst.
D’russesch Arméi huet an de Moiesstonnen domat ugefaangen, d’Ukrain militäresch unzegräifen. Aus e puer Regioune goufen Explosioune gemellt, och aus der Haaptstad Kiew. En Donneschdeg de Moie fréi huet de Vladimir Putin gréng Luucht gi fir e russeschen Amarsch an d’Ukrain. Hien huet an enger Televisiounsusprooch annoncéiert, dass hien eng Militär-Operatioun lancéiert hätt fir d’Donbass-Regioun. Et ass nach net ganz kloer, wat hie genee wëlles huet. Ob hien elo wëll d’ganz Ukrain besetzen oder just d’Donbass-Regioun, respektiv just deen Deel, deen elo schonn ënner Kontroll vu prorussesche Separatisten ass.
A senger Usprooch sot de Putin en Donneschdeg de Moien: “Et ziilt dorobber eraus, d’Leit ze schützen, déi 8 Joer laang ënnert engem Genozid gelidden hunn a vum Regime vu Kiew ënnerdréckt goufen. Dofir striewe mir eng Demilitarisatioun an Denazifizéierung vun der Ukrain un. A mir wäerten déi, déi d’bluddeg Verbrieche géint Zivilisten, dorënner Russen, begaangen hunn, zur Rechenschaft zéien.”

E virsätzleche Krich hätt domadder ugefaangen, gëtt den Joe Biden aus dem Wäissen Haus zitéiert. Russland eleng wier responsabel fir all dat mënschlecht Leed an all eenzelen Doudegen, déi d’Eskalatioun wäert mat sech bréngen, sou den US-President.
E Mëttwoch den Owend koum jo eng schrëftlech Demande vun den zwou Regiounen zu Moskau un, wou ëm militäresch Hëllef gefrot gouf, fir sech géint Attacke vun der ukrainescher Arméi ze wieren. De Putin hat am Virfeld kloer gestallt, esou enger Demande nozekommen, sollt et eng ginn.
D’Invasioun an der Ost-Ukrain huet dann och ugefaangen. Op Biller ass ze gesinn, wéi dat russescht Militär op e puer Plazen déi ukrainesch Grenz depasséiert. Ënnerstëtzung kritt de Putin och vum Lukaschenko. Den Ugrëff kënnt net just vu Russland aus, ma och vu Belarus a vun der Hallefinsel Krim.

Journalisten zu Donezk an an der Hafestad Mariupol, awer och zu Kiew schwätze vun Detonatiounen, déi ze héiere wieren.
Op d’mannst 7 ukrainesch Zaldote wieren an Tëschenzäit ëm d’Liewe komm (Stand 10.45 Auer). D’ukrainesch Arméi, déi behaapt, an der Géigend vu Luhansk am Osten “50 russesch Besetzer liquidéiert” ze hunn. Op Live-Biller vu Kiew oder aus dem Oste vun der Ukrain sinn aktuell keng gréisser Gefechter oder Explosiounen ze gesinn. Wéi grouss den Ausmooss vun der Invasioun ass, ass net gewosst.
Den ukraineschen Ausseminister huet getwittert, dass Russland eng Invasioun op d’ganz Ukrain lancéiert hätt, an den ukrainesche Loftraum gouf dann och en Donneschdeg de Moie fir déi zivil Loftfaart ganz gespaart.
Kiew a Washington schwätze kloer vun “Krich”. Den ukrainesche President Volodymir Selenskyj hat e Mëttwoch nach Russland verséchert, d’Ukrain wéilt Fridden, mä géing am Fall vun enger Invasioun Widderstand leeschten.
An enger Usproch huet den ukrainesche President Selenskyj all d’Bierger a Biergerinnen opgeruff, hiert Land ze verdeedegen. D’Ukrain géif vun Norden, Osten a Süden ugegraff sinn. Et géif ee jidderengem eng Waff an de Grapp drécken, dee bereet ass, d’Ukrain ze verdeedegen.
Op Biller gesäit ee Fillë vun Autoen, déi d’Haaptstad Kiew probéieren ze verloossen. Och op de Grenzen am Weste mat Polen, Slowenien oder Rumänien probéieren Dausende Leit aus der Ukrain ze flüchten.

Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg verurteelt d’Attack op en onofhängegen a souveräne Staat schaarf, a schwätzt dovun, dass d’Russland kloer de Wee vun der Aggressioun gewielt hätt, obwuel d’NATO ëmmer nees op eng diplomatesch Léisung gesat hätt. Fridde wier net méi selbstverständlech, sou de Jens Stoltenberg en Donneschdeg an der Mëttesstonn an huet vun enger “neier Normalitéit” geschwat, där sech de Weste gëeent entgéint stelle géif. Besonnesch déi ëstlech Memberstaate fäerten no der Ukrain Zil vun de russeschen Expansiounspläng ze ginn. Dee Risiko gesäit de Stoltenberg allerdéngs net. Eng éischte Kéier no der Annexioun vun der Krim huet d’Nato d’Verdeedegungspläng aktivéiert. D’Agrëffstruppe vun der sougenannter NATO-Response-Force kéint am Noutfall an den Asaz kommen.
Méi wéi 100 Kampfjette wieren en alerte, fir de Loftraum ze protegéieren a méi wéi 120 Krichsschëffer, déi d’Sécherheet am Mier assuréieren. An engems huet de Jens Stoltenberg nach emol kloer gemaach, datt d’NATO net direkt an der Ukrain agräife wäert a keng Truppen dohinner schécke wëll. D’USA a Groussbritannien awer haten ze Lescht Waffen op Kiew geschéckt. Berlin huet dat bis elo nach ëmmer ausgeschloss.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres appelléiert an engem bal schonn dramateschen Appell un de Vladimir Putin perséinlech, dass hie seng Truppe soll zeréckruffen, am Numm vun der Mënschlechkeet. De Konflikt misst direkt ophalen. Et wier säi perséinlech trauregsten Dag un der Spëtzt vun de vereenten Natiounen, sou de Guterres.
Vun der däischterster Stonn zanter dem Zweete Weltkrich huet den EU-Aussebeoptraagte Joseph Borrell iwwerdeems geschwat a sot, datt den neien EU-Sanktiounspak géint Russland esou eng grouss Envergure hunn, wéi et et bis ewell nach net gouf.
De Xavier Bettel huet op Twitter d’russesch Attack staark condamnéiert, grad ewéi och e sëllegen aner Staatscheffen.
“Haut ass en däischteren an trauregen Dag fir Europa, d’Stabilitéit an d’Sécherheet an Europa ass a Gefor” - dat sot de Staatsminister Xavier Bettel en Donneschdeg de Moie virun der Press no engem ausseruerdentleche Regierungsrot. Hie géing d’Decisioun vu Russland, op de Wee vun enger militärescher Aggressioun ze goen, staark verurteelen. D’EU hätt dës Woch ewell gewisen, datt se séier reagéiere géing, a wier och prett weider Sanktiounen ze huelen. En Donneschdeg den Owend kommen d’EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel zesummen, fir doriwwer ze beroden.
“Et wäert wichteg sinn ze definéieren, wéi mir mat Russland ëmgoe wäerten, an och Russland an d’Verantwortung ze huele fir seng Handlungen. Mir wäerten och driwwer beroden, wéi mir d’Ukrain an och hir Bierger kënnen ënnerstëtzen. Ech sinn och haut besonnesch besuergt, datt et wéi sou oft d’Zivilbevëlkerung ass, déi e vill ze héije Präis ze bezuelen huet bei militärescher Eskalatioun. Et ass eis éischt Prioritéit, en direkte Waffestëllstand um Terrain z’erreechen an all néideg Mesuren ze huelen, fir d’Zivilbevëlkerung ze schützen an där Populatioun och ze hëllefen.”
Virum Sommet informéiert de Premier d’Chamber iwwert de leschte Stand an telefonéiert mam ukrainesche President Volodomyr Selenskyj. D’Regierung géing sech dann och a Saachen Energieversuergung op d’Konsequenze vum Krich an der Ukrain preparéieren.
“Mir sinn ons als Regierung och eens, datt mir d’Land an d’Leit och virun allem virun enger geopolitescher Energiedeierecht schütze mussen. Dofir hu mer decidéiert, den nächste Méindeg en Energiedësch mat de Lëtzebuerger Energiefournisseuren och anzeberuffen, fir mat hinnen zesummen an effikass séier Léisunge kënnen ze fannen. Gläichzäiteg schafft d’Regierung och u konkrete Mesuren, fir deene Menagë séier och ënnert d’Äerm ze gräifen, déi am meeschte mat der aktueller Präisdeierecht ze kämpfen hunn.”
D’Gasversuergung vun der Europäescher Unioun wier Aschätzunge vun der EU-Kommissioun no sécher. Et hätt ee wochelaang doru geschafft, op dat Schlëmmst virbereet ze sinn, sou d’Ursula von der Leyen. “Mir hunn dëse Stadium erreecht”. Wéi et heescht, géingen et eng Partie Länner ginn, déi an der Lag wieren, méi Flësseggas un d’EU ze liwweren, dorënner Aserbaidschan, Ägypten, Nigeria an Norwegen.
De LIVETICKER iwwert d’Situatioun an der Ukrain