Responsabel fir 191 Doudeger200 Joer Prisong fir kenianesche Leader vun Hongersekt

RTL mat AFP
Nieft dem selwer ernannte Paschtouer si weider 28 Leit, déi mat ugeklot waren, zu laange Strofe verurteelt ginn. Déi allermeescht Affer ware Kanner.
De selwer ernannte Paschtouer Paul Mackenzie (an der Mëtt) zu Mombasa virum Geriichtsurteel.
De selwer ernannte Paschtouer Paul Mackenzie (an der Mëtt) zu Mombasa virum Geriichtsurteel.
© LUIS TATO/AFP

E Geriicht zu Mombasa a Kenia huet de Leader vun enger Hongersekt zu 200 Joer Prisong verurteelt, well erwise wier, dass hie responsabel ass fir den Doud vun 191 Mënschen. D'Riichterin huet dem Paul Mackenize e Freideg 100 Joer Prisong gi wéinst dem Hongerdoud vun 183 Persounen an nach emol 100 Joer Prisong wéinst dem "direkten" Ëmbrénge vun aacht Leit. 28 Matugeklote sinn och zu laange Prisongsstrofe verurteelt ginn.

De selwer ernannte Paschtouer Mackenzie hat d'Membere vu senger Sekt "International Kierch vun der gudder Botschaft" opgeruff, sech zu Doud ze héngeren, fir "Jesus ze begéinen". Bal all d'Affer ware Kanner. Schëlleg gesprach gi war de Mackenzie, deem seng Affekoten an Appell wëlle goen, schonn am Oktober.

Systematescht Héngere bis zum Doud

Der Uklo no hat de Verurteelten op senger Ranch am Shakahola-Bësch extrem Praktike fir ze faaschte "veruloosst a geleet". Enger "strukturéierter Hierarchie vum Doud" no sollte fir d'éischt Kanner, duerno Jugendlecher an du Fraen a Männer stierwen. Déi mannerjäreg Läichen, déi 2023 an engem Bësch bei Malindi fonnt gi waren, ware gréisstendeels erhéngert, awer zum Deel och duerch Erstécken, Erwiergen oder schwéier Verletzungen um Kapp gestuerwen.

De Parquet hat d'Geriicht opgefuerdert, d'Doudesstrof géint de Mackenzie auszeschwätzen. Am kenianesche Gesetz ass se zwar virgesinn, awer zanter 1987 net méi applizéiert ginn. 2023 war de fréieren Taxichauffer festgeholl ginn, nodeems Mënscherechtsgruppen den Autoritéiten Tipps ginn haten an e puer Supporter virum Hongerdoud rette konnten. Bei den uschléissenden Ermëttlunge waren eng Rei Massegriewer mat am Ganze 429 Läiche fonnt ginn, déi bis haut net all identifizéiert sinn.

Back to Top
CIM LOGO