No ParlamentswalenEisenkot wëll israelesch Regierung mat Ënnerstëtzung vun arabesche Parteien bilden

AFP, iwwersat vun RTL
Ob et dem Eisenkot geléngt eng Majoritéit op d'Been ze stellen, ass ongewëss. Dat well d'Oppositiounslager sech oneens driwwer ass, op israeelesch-arabesch Parteien an enger Regierung solle bedeelegt sinn oder net.
© JACK GUEZ/AFP

Den israeelesche President Isaak Herzog wëll e Sonndeg bekannt ginn, wiem hien den Optrag gëtt, eng nei Regierung ze bilden. Den Oppositiounspolitiker Gadi Eisenkot huet bei de Consultatioune mat de Parteien däitlech méi Réckendeckung kritt wéi den aktuelle Premier Benjamin Netanjahu.

No de Parlamentswale vum 27. Oktober huet den Herzog en Donneschdeg seng Gespréicher mat de Parteien ofgeschloss. Weder den Netanjahu, nach den Eisenkot hunn eng Majoritéit am Parlament hannert sech.

67 Deputéiert hu sech fir den Eisenkot ausgeschwat, 46 fir den Netanjahu. Siwen Deputéiert hu sech enthalen.

Normalerweis kritt dee Kandidat den Optrag, eng Regierung ze bilden, deen déi meescht Deputéiert hannert sech huet. Den Herzog huet awer drop higewisen, datt d'Lag méi komplizéiert ass.

"D'Resultat vun de Consultatioune schéngt op den éischte Bléck kloer. Mä meng gesetzlech Aufgab ass et, festzestellen, wien déi bescht Chancen huet, eng Regierung ze bilden. An dat ass wéinst de géigesäitege Vetoe vun de Parteien net esou eendeiteg", esou de President en Donneschdeg.

Bei de Wale koumen déi zwou arabesch gepräägt Parteien op 19 Sëtz, esou vill wéi nach ni. Béid Parteien hunn en Donneschdeg annoncéiert, datt si den Eisenkot ënnerstëtzen.

Allerdéngs ass eng Zesummenaarbecht mat hinnen am Oppositiounslager ëmstridden. Déi rietskonservativ Partei Israel Beiteinu huet schonn e puer Mol kloer gemaach, datt si keng Regierung wëlle matdroen, déi op Stëmme vun arabesche Parteie ugewisen ass.

D'United Torah Judaism, déi ultra-orthodox Partei déi de Benjamin Netanjahu bei de leschte 5 Walen ënnerstëtzt huet, géif den aktuelle Premier net méi recommandéieren. Dat wier net, well se elo op dem Eisenkot senger Säit stoe géifen, mee well si him wéilten eng Lektioun erdeelen, esou politesch Experten. Grond wier de Militärdéngscht. Reliéis Studenten sollten der Partei no vun dësem ausgeschloss ginn, an der Legislatur wier dës Befreiung awer net vum Netanjahu an d'Gesetz geschriwwe ginn.

Wien den Optrag kritt, eng Regierung ze bilden, huet dofir fir d'éischt 28 Deeg Zäit. Dës Frist kann ëm weider 14 Deeg verlängert ginn.

Back to Top
CIM LOGO