
D'Videoplattform Tiktok muss op Uerder vu Bréissel den Algorithmus änneren, fir déi physesch Gesondheet vu senge Userinnen a User ze protegéieren. D'EU-Kommissioun huet Tiktok e Freideg virgehäit, dass déi momentan Funktiounsweis vun der App "schiedlech" wier a Suchtgeforen, sou wéi Iess- an Angschtsstéierungen ausléise kéint.
Tiktok selwer huet dës Virwërf zeréckgewisen, wëll awer mat der Kommissioun zesummeschaffen. Anescht misst de Konzern mat Geldstrofe rechnen.
Bei de Virwërf aus Bréissel geet ëm de sougenannten "Rabbit Hole"-Effekt. Wat Useren méi dacks Videoen vu bestëmmte Sujeten kucken, wat den Algorithmus méi änlech a méi extrem Videoen proposéiert.
"Dës Funktiounsweis ka schiedlech sinn, wann et bei dëse Contenuen beispillsweis ëm Trauregkeet, d'Eleng sinn oder d'Kierperbild geet", sou d'EU-Kommissioun weider.