IrlandMedienhaiser no Bommenalarm evakuéiert

RTL mat AFP
No de falsche Bommemenacë géint Fligeren dës Woch gouf e
Police zu Dublin
Police zu Dublin
© ARTUR WIDAK/NurPhoto via AFP

No Bommemenacen an Irland hunn e Freideg d'Geschäftsraim vun e puer Medienhaiser misse geraumt ginn. Den ëffentlech-rechtleche Sender RTE huet op senger Internetsäit erkläert, datt no engem Message all d'Mataarbechter d'Büroen hätte misse verloossen. Anere Medieberichter no waren och d'Gebaier vun der Zeitung "The Independent", vum Radiosender Newstalk an Today FM souwéi d'Raim vum Tëleesender Virgin Media betraff.

Beim Siège vun RTE waren arméiert Polizisten op der Plaz. Am Radiosender Newstalk huet eng Moderatrice gemellt, datt si an aner Mataarbechter no "eng Noriicht" hu missen d'Gebai verloossen. Kuerz drop wier hinne matgedeelt ginn, datt et e "Feelalarm" war a si nees eran dierften.

De Vize-Premier Simon Harris huet dem Radiosender Cork 96FM gesot, datt et nach net gewosst wier, ob et "een eenzelen Täter" oder ob et eng "koordinéiert Aktioun" war. Déi iresch Sécherheetsautoritéiten a Cyber-Experte géingen d'Situatioun "immens eescht" huelen a stéingen a Kontakt mat den zoustännegen europäeschen Autoritéiten.

Dës Woch gouf et schonn eng ganz Rei Bommendrounge géint Dosende Fligeren an Europa.

Back to Top
CIM LOGO