No Wiesn-Besuch22 Joer ale Fransous vun S-Bunn erfaasst an déidlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En trageschen Accident gouf et an der Nuecht op e Samschdeg no enger Visitt um Münchener Oktoberfest.
© AFP Archivbild

En 22 Joer ale Tourist aus Frankräich gouf vun enger S-Bunn erfaasst an déidlech verwonnt.

Hien hat mat engem Grupp Leit d’Oktoberfest besicht a war duerno um Heemwee an der Münchener Gare “Laim” nieft enger S-Bunn gelaf. De Mann wier an d’Struewele geroden an hätt sech mam Fouss tëscht dem Trëttoir der der Bunn verfaangen.

Den Ongléckleche gouf e puer Meter wäit matgerappt. D’Rettungsekippen hunn hie schwéier blesséiert an d’Spidol transportéiert, wou e kuerz drop verscheet ass.

Back to Top
CIM LOGO