De fréiere President vum Kosovo, den Hashim Thaci, gouf e Mëttwoch wéinst Krichsverbriechen zu 25 Joer Prisong verurteelt. D'Urteel gouf e Mëttwoch vum Kosovo-Spezialtribunal zu Den Haag an Holland getraff. D'Geriicht huet den Thaci ënnert anerem wéinst "illegaler Festnam, Folter, Mord a grausamer Behandlung" fir schëlleg gesprach.
D'Uklo hat fir den Thaci an dräi Kommandante vun der Kosovo-Befreiungsarméi UCK 45 Joer Prisong wéinst Krichsverbriechen a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet wärend dem Kosovo-Krich gefuerdert. All Ugeklot haten op net schëlleg gesprach.
Déi albanesch-kosovaresch UCK huet am Kosovo-Krich an de Joren 1998 an 1999 fir d'Onofhängegkeet vum Kosovo vu Jugoslawien respektiv Serbien gekämpft. Den Ugeklote gouf reprochéiert, dobäi fir Morden a Folter responsabel gewiescht ze sinn.