Atomkatastroph vu Fukushima3 fréier Manager vun Tepco fräigesprach

RTL Lëtzebuerg
Viru Geriicht stoungen de fréiere President vum Verwaltungsrot, souwéi déi zwee Vizecheffen vun der Entreprise.
© AFP

Iwwer 8 Joer läit d’Atomkatastroph vu Fukushima zeréck. En Donneschdeg goufen déi dräi fréier Topmanager vun der Bedreiwerfirma Tepco um Bezierksgeriicht zu Tokio fräigesprach. Deenen dräi Männer war vu betraffene Bierger virgeheit ginn, Informatiounen iwwert ee méigleche staarken Tsunami ignoréiert an net déi noutwendeg Sécherheetsmesure geholl ze hunn. Dat hätt zum Doud vu 44 Mënsche gefouert, déi hätte mussen evakuéiert ginn, dorënner Patiente vun engem Spidol. De Parquet hat Prisongsstrofe gefuerdert.

An der Atomzentral vu Fukushima war no engem schwéieren Äerdbiewen an engem Tsunami den 11. Mäerz 2011 de Killsystem ausgefall. Doropshin war et zum Super-Gau komm.

Back to Top
CIM LOGO