
Déi 140 Meter laang Bréck an der ëstlecher Küstestad Nanfangao ass op en Uelegtanker an op e puer Fëscherbooter gefall, wéi Videoopnamen vum Ongléck weisen. Iwwer d’Ursaach ass nach näischt gewosst.
Den Uelegtanker ass duerno a Flamen opgaangen. Duerch Stécker vun der Bréck goufen donieft op d’mannst 3 Fëscherbooter an d’Déift gerappt. D’Pompjeeë fäerten, dass déi 6 Vermëssten ënner Stécker vun der Bréck begruewe goufen.
D’Bréck gouf 1998 gebaut. Elo gëtt ermëttelt, wisou et zum Ongléck komme konnt.