5 Mënsche sollen éischten Informatioun no ëm d’Liewe komm sinn, dorënner och den Ugräifer. Ee Polizist gouf schwéier blesséiert.
Wéi franséisch Medie mellen, wier den Täter ee 45 Joer ale Staatsbeamten, deen am Service Informatique vun der Police täteg war. D’Enquêteuren hunn iwwerdeems preziséiert, datt d’Motiver vun der Dot nach onkloer sinn.
Weider Detailer si bis ewell net bekannt.
De franséische President Emmanuel Macron ass op der Plaz.
