
Wéi et heescht, wier keen Asbest an der Loft. Verschidde Fässer mat Gëftstoffer missten awer nach evakuéiert ginn.
D’Informatiounspolitik vun de Responsabelen ass schaarf kritiséiert ginn. D’Awunner haten demonstréiert, fir gewuer ze ginn, wéi den Impakt op Ëmwelt a Gesondheet ass.
Firwat d’Feier ugoung, ass awer nach net gewosst.
