UN-Klimasommet77 vun 193 Länner wëlle bis 2050 klimaneutral sinn

RTL Lëtzebuerg
Der schwedescher Klimaaktivistin Greta Thunberg hir emotional Ried e Méindeg um UN-Klimasommet zu New York schéngt gewierkt ze hunn.
UN-Klimasommet
Der Klimaaktivistin Greta Thunberg hir emotional Ried e Méindeg um UN-Klimasommet zu New York schéngt gewierkt ze hunn. De Xavier Bettel um RTL-Mikro.

Iwwer 60 Länner hunn zousätzlech Efforten am Kampf géint de Klimawandel versprach. Grouss Wirtschaftsmuechten wéi Däitschland, Frankräich a China hunn e Méindeg hir Pläng presentéiert, grad sou wéi Tonga, d’Seychellen an aner méi kleng Inselstaaten, déi vum Klimawandel besonnesch staark betraff sinn.

D’Greta Thunberg hat do virdrun, d’Staats- a Regierungscheffen beschëllegt net genuch ze maachen. Wéi kéinte si et woen, hier Dreem an hir Kandheet ze klauen, mat hiren eidele Wieder, sou déi 16 Joer al Schwedin mat Tréinen an de Aen.

D’Welt géif wakereg ginn an et kéim zu Changementer, ob si wéilten oder net, sou d’Greta Thunberg.

De Klimasommet gouf op Initiative vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres organiséiert. Zil war, fir däitlech ze maachen wéi dréngend géint de Klimawandel muss agéiert ginn. Ënnert anerem hu sech 77 vun 193 Memberlänner dozou engagéiert, bis 2050 klimaneutral ze ginn. Dat heescht keng CO2 Emissioune méi ze produzéieren. 102 Stied, 10 Regiounen an 93 Konzerner hu sech dësem Zil ugeschloss. 70 Länner hunn donieft versprach, hir national Contributioun géint d’Klimakris vun 2020 un an d’Luucht ze setzen.

E Méindeg gouf et ee weidert däitlecht Signal. Russland ass via Arrêté dem Klimaschutzaccord vu Paräis offiziell bäigetrueden. Et ass allerdéngs nach net gewosst, wéi déi russesch Regierung den Ausstouss vun de klimaschiedlechen CO2 Emissioune wëll reduzéieren.

Klimaexperten sinn iwwerdeems onzefridde mat dem, wat beim UN-Klimasommet erauskoum.

Nieft dem Xavier Bettel huet sech och den Ausseminister Jean Asselborn op New York deplacéiert, wou hien un der 74. Sessioun vun der UNO-Vollversammlung deelhëlt. Den Diplomatiechef vertrëtt de Grand-Duch bei enger sëllechen Evenementer. Um Programm stinn och bilateral Entrevuen fir d’Relatiounen vu Lëtzebuerg op internationalem Niveau ze verstäerken. Donieft participéiert de Jean Asselborn un enger Konferenz, op där et ëm de Verbuet vun Atomwaffe geet.

Back to Top
CIM LOGO