Coronavirus international774 Patienten am Grand Est op Intensivstatioun, 513 Doudesaffer an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
D’Spideeler am Nordoste vu Frankräich si weider komplett iwwerfëllt, eleng am Grand Est leien den Ament 774 Corona-Infizéierter op der Intensivstatioun.

816 Doudesfäll goufe bis ewell an de Spideeler vun där Regioun enregistréiert. Aus dem Elsass goufen e Méindeg weider 6 hospitaliséiert Corona-Patiente mat Militär-Helikopteren an Däitschland an an d’Schwäiz geflunn.

An der Belsch si bis ewell 513 Leit um Virus gestuerwen, heescht et am neiste Bilan, deen e Méindeg zu Bréissel publizéiert gouf. Iwwer 4.500 Leit leien a Spideeler, dovunner bal all 5. op der Reanimatioun.

A Bayern sinn d’Ausgangsbeschränkungen e Méindeg op Uerder vum Ministerpresident Markus Söder bis den 19. Abrëll verlängert ginn. Dat ass am flächeméisseg gréissten däitsche Bundesland d’Enn vun der Ouschtervakanz.

Däitlech Hausse vun de Coronavirus-Infizéierten

Bis hënt waren et knapp 143.000 confirméiert Fäll, an 2.500 Doudeger. Amerikanesch Experte fäerten 100 bis 200.000 Doudesaffer.

Wann d’Zuel vun den Doudegen duerch de Coronavirus op 100.000 an den USA kéint limitéiert ginn, dann hätt een ee gudden Job gemaach. Dat sot e Sonndeg den Owend den amerikanesche President Donald Trump op enger Pressekonferenz an huet vu fuerchtbaren Zuele geschwat. Gläichzäiteg huet den Trump d’Richtlinne fir de “Social Distancing” bis op Enn Abrëll verlängert. D’Amerikaner kréie geroden doheem ze bleiwen, net onnéideg ze reesen, sech net zu méi wéi zu 10 ze treffen an am beschten doheem ze bleiwen.

De Grond fir dës Verlängerung vun den Oploen ass eng Etüd vum Imperial College vu London, déi de 16. Mäerz publique gemaach gouf, an déi dovunner schwätzt, datt 2,2 Millioune Mënschen an den USA wäerte stierwen, sollten iwwerhaapt keng Mesurë géint d’Propagatioun vum Virus geholl ginn.

Bannent 24 Stonnen sinn am Land 518 weider Persoune gestuerwen.

An den USA ass besonnesch d’Milliounemetropol New York an de Bundesstaat New York vum Coronavirus betraff. Eleng do koumen bal 1.000 Persounen ëm d’Liewen. Am Central Park zu New York, gouf wéinst dem Enkpass a Spideeler ee Feldlazarett opgeriicht, fir Covid-19 Patiente kënnen ze traitéieren.

Am ganze ginn et an den USA de Moment ronn 143.000 Fäll vum Virus. D’USA gehéieren domadder mat Italien, China a Spuenien zu de betraffenste Länner vum Coronavirus.

Medezinescht Material gëtt knapp: Buergermeeschter vun New York schléit Alarm

Back to Top
CIM LOGO