Wéinst 6 Neiinfektiounen9 Milliounen Awunner sollen a chineesescher Metropol getest ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi ganz Bevëlkerung zu Qingdao soll bannent 5 Deeg op de Coronavirus getest ginn. Betraff sinn 9,4 Milliounen Awunner.

Dat hunn d’Autoritéiten e Méindeg annoncéiert, nodeems e Sonndeg 6 nei Fäll confirméiert goufen. Dat sinn déi éischte Massentester um chineesesche Festland zanter e puer Méint.

An engem Zäitraum vun 3 Deeg soll bei de Residenten aus 5 Bezierker den Test duerchgefouert ginn, bei der ganzer Stad beleeft sech d’Testphas op 5 Deeg. 140.000 Persounen, déi am Gesondheetswiese schaffen, an nei Patienten an de Spideeler goufe schonn op de Virus getest.

Fir d’Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen, hat China dës Lescht streng Moossnamen ergraff, wéi zum Beispill de Lockdown a Milliounestied, strikt Isolatioun, Areesrestriktiounen oder Iwwerwaachungsmoossnamen. Ënner Héichdrock gëtt den Ament iwwerdeems versicht, den Impfstoff hierzestellen. Peking weist sech zouversiichtlech, dass een Enn dës Joers een hätt. Och wann nach kee Vaccin offiziell zougelooss gouf an d’Etüden nach net ofgeschloss sinn, goufe schonn honnertdausende Mënschen an der Volleksrepublik geimpft, dorënner eng Abberzuel Zaldoten a medezinescht Personal.

Back to Top
CIM LOGO