Aus Ausland importéiert?A China fäert een eng zweet Well vum Virus

RTL Lëtzebuerg
Nei Fäll a China kommen an de leschten Deeg virun allem vu Chinesen, déi aus Russland nees Heem komm sinn.

D’Zuel vun de confirméierten Infektioune wier e Freideg ëm 46 eropgaangen, dat nodeems den Dag virdru schonn 42 Fäll derbäi koumen. Bei 42 vun dësen Nei-Infektioune géif et sech ëm Leit handelen, déi aus dem Ausland a China agereest wieren, heescht et vun de chineseschen Autoritéiten. Et wiere virun allem Chinesen, déi aus Russland erëm Heem komm wieren. An der Provënz Hubei, wou de Virus jo Enn lescht Joer ausgebrach war, koumen dogéint elo scho 7 Deeg laang keng nei Fäll méi derbäi.

Back to Top
CIM LOGO