Premier Frieden reagéiert: Keng Plaz fir politesch Gewalt an eisen Demokratien
© AFP (Archiv)
Nieft dem Lëtzebuerger Premier huet ë.a. och den US-President Biden d'Attentat wärend dem Walkampf-Optrëtt vum Donald Trump schaarf verurteelt.
Reaktiounen aus Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet e Sonndeg de Moie reagéiert. Um RTL-Mikro huet de Lëtzebuerger Premier d'Attentatstentative op d'Schäerfst verurteelt. Et géif absolut keng Plaz fir politesch Gewalt an eisen Demokratien. En Attentat op e Kandidat fir Presidentschaftswale wier absolut inakzeptabel. An Amerika an an Europa. Seng Gedanke wiere beim fréieren US-President an all den Affer, schreift de Premier och op de sozialen Netzwierker.
Géintiwwer RTL huet de Luc Frieden betount, et kéint ee politesch anerer Meenung sinn an och net d'accord si mam Donald Trump, mä et misst ee respektvoll Gedanke mateneen austauschen. De Lëtzebuerger Premier hofft, datt et sech bei der Schéisserei zu Butler ëm en Eenzelfall handelt. Et wier awer net auszeschléissen, datt Leit dat selwecht no maachen.
Wat de Mordversuch op de fréiere President fir d'Walcampagne vun de Republikaner an d'Walresultat de 5. November bedeit, do wollt sech de Luc Frieden net festleeën. Just sou vill. Schrecklech Evenementer an enger Walcampagne kéinten en Impakt hunn. Eng Walcampagne, déi elo scho ganz intensiv gewiescht wier an den USA.
“Schrecklech. An enger Demokratie an an der Politik muss een mat Argumenter kämpfen an net mat Waffen.” Dat war déi éischt Reaktioun e Sonndeg de Mëtteg vum Ausseminister Xavier Bettel op d’Attentat op den Donald Trump. Hien erënnert drun, dass hien um Begriefnis war, virun 2 Joer vu sengem Kolleeg, dem fréieren japanesche Premier Shinzo Abe, deen och erschoss gouf. Virun 2 bis 3 Méint wier de slowakesche Premier ugeschoss ginn an elo den Donald Trump. Et géing keng Garantie géint Gewalt an och géint geféierlech Leit ginn.
Den Donald Trump hätt sech mat senger geballter Fauscht jo elo kämpferesch gewisen. Dat kéint vläicht den Een oder Aneren beandrocken, mee ob dat elo een direkten Impakt op d’Walen hätt, kéint hien net soen, sou den Xavier Bettel. Hie wier schliisslech net am Kapp vum amerikanesche Wieler.
Et gëtt aktuell schonn vill iwwer dëst Attentat spekuléiert. Den Ausseminister warnt, dass een net elo schonn vun Komplotter soll ausgoen, wann emol nach net d'Motiv gewosst wier an nach enquêtéiert géing ginn. Dat wier typesch. Geféierlech Leit kenne keng Grenzen, mee d'Imaginatioun vun verschiddene Leit géing och keng Grenzen kennen, sou de Xavier Bettel.
US-President Biden reagéiert
Den amerikanesche President Joe Biden sot hie wier frou, datt den Donald Trump a Sécherheet wier. Hien huet d'Attentat géint de fréieren US-President verurteelt an d'Land opgefuerdert zesummenzestoen. Béid Männer hunn dann och nom Tëschefall mateneen telefonéiert.
Nach e Samschdeg den Owend Lokalzäit ass de Biden zu Rehoboth Beach am Bundesstaat Delaware, wou sech den Demokrat de Weekend opgehalen huet, virun d'Kamera getrueden a sot: "Déi Zort Gewalt huet an Amerika näischt ze sichen. Et ass krank. Et ass krank. Et ass eng vun den Ursaachen, firwat mer mussen zesummestoen. Mir dierfen esou eppes net zouloossen. Mir dierfen esou eppes net dulden."
Méi spéit am Dag ass den US-President virun d'Press fir e weidere Statement getrueden.
Och de fréieren US-President Obama huet sech iwwer déi Sozial Medien zu Wuert gemellt. Hien huet betount, datt an enger Demokratie absolut keng Plaz fir politesch Gewalt wier.
D'Vizepresidentin Kamala Harris huet virun enger Eskalatioun vun der Gewalt gewarnt.
Weider international Reaktiounen
Och d'Vereenten Natiounen hunn d'Schëss op den Donald Trump "op d'Schäerfst" verurteelt. Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres géing dem Politiker eng gutt Besserung wënschen, sou e Spriecher vum Guterres.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen seet sech ze déifst schockéiert iwwert de Virfall.
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wënscht dem Donald Trump eng gutt Besserung. Hie wier consternéiert.
De chineesesche President Xi Jinping huet an engem Schreiwes dem Trump säi "Matgefill" ausgedréckt. Weider huet sech déi chineesesch Regierung no der Attack géint den Donald Trump besuergt gewisen.
De kanadesche Premier Justin Trudeau huet sech och schockéiert gewisen an huet nach emol betount, datt politesch Gewalt nimools akzeptabel wier.
An ënnert anerem och den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu a seng Fra schreiwen, si stéingen ënner Schock a géife fir d'Sécherheet an eng séier Besserung vum Donald Trump bieden.
Moskau notzt Attentatsversuch fir Propaganda
Moskau huet d'Attentat géint den Trump als eng Suite vun der Politik vu Washington bezeechent. D'Politik géing Haass provozéieren. D'USA sollten eng Bestandsopnam vun hirer Politik géint politesch Géigner, Länner a Vëlker maachen, sou d'Spriecherin vum russeschen Ausseministère Maria Sacharowa.
Si huet den USA recommandéiert, d'Geld léiwer fir d'Uerdnung am eegene Land auszeginn, wéi massenhaft an onkontrolléiert Waffen an d'Ukrain ze liwweren.
Wierder vu Matleed fir den Trump gouf et vu russescher Säit net.