Doudesaffer a Frankräich an an Italien, Tignes (F) zäitweis am Lockdown

© Carole Meslin-Rihouey / Radio-Tv Val d'Isère / R'Tignes / Pierre-Olivier Dupire
Den heftege Reen a Schnéi an den Alpen huet a wäert nach weider fir Chaos suergen. An der franséischer Gemeng Tignes gouf souguer e Lockdown ausgeschwat.
Zanter e Mëttwoch den Owend gëllt an der Savoie wéinst massivem Schnéifall un der italieenescher Grenz eng Alerte Orange wéinst Lawinegefor. Op verschidde Bierger an den Alpen ass d'Lawinegefor um Héchstwäert vu 5/5.
An de franséische Schigebidder Tignes a Val Thorens war gutt ee Meter Schnéi gefall. Zu Tignes hat eng Fra en Häerzinfarkt a war ënnert enger Lawin verschott ginn. Zu Tignes hat d'Gemeng en Donneschdeg e Lockdown fir d'Bevëlkerung bis 15 Auer ausgeschwat. Méi spéit koum eng temporär Erlabnis, sech bannent engem bestëmmte Quartier dierfen ze beweegen, éier d'Bevëlkerung "vun 20 Auer bis op Weideres" erneit huet missen dobanne bleiwen.
Am Schwäizer Wallis koum et zu Äerdrutscher. Och Beem sinn ëmgefall. Dofir ware vill Stroossen, Zuchstrecken an och zwee Päss gespaart. Och de Stroum war op e puer Plazen ausgefall.
Am italieenesche Piemont gouf ee Mann dout a senger Wunneng fonnt. Bei Vicenza sinn e Papp a säi Jong ëm d'Liewe komm. D’Pompjeeën haten en Donneschdeg gemellt, datt de Mann mat sengem Fils vun den Iwwerschwemmunge matgerappt gi wieren, wéi si am Auto souzen. Méi spéit goufe béid Persounen dout gebuergen.
Fir déi nächst Deeg gëtt an Italien mat weiderem zolitte Ree gerechent. D'Autoritéite warne viru weideren Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher.