"Wéi mir wakereg goufen, do louche scho 50 Zentimeter Schnéi"
E Mëttwochowend huet et an den Alpen ugefaange massiv ze Schneien. Mir hu mat enger Lëtzebuergerin geschwat, déi aktuell an der Schwäiz an der Vakanz ass.
Den Iwwerbléck vun der Situatioun kann een hei noliesen.
Och am Schwäizer Wallis ass bannent e puer Stonne bis zu engem Meter Schnéi gefall. Et koum plazeweis zu Äerdrutscher, Beem sinn ëmgefall, vill Stroossen, Zuchstrecken an och zwee Päss ware gespaart. Och de Stroum war op e puer Plazen ausgefall.
Och d’Malou Ballini war op eemol ageschneit. E Mëttwochmoien hat et zu Saint Jean an der Schwäiz ugefaange mat reenen.
"Géint véier Auer mëttes ass et an de Schnéireen iwwergaangen an dunn och a Schnéi," erkläert si.
"Wou mer moies wakereg goufen, do louchen awer scho 50 Zentimeter Schnéi. An et huet och nach de ganzen Dag weider geschneit, bis op e Maximum vu 85 Zentimeter."
Gutt preparéiert a wärend Stroumausfall bei Kamäin
Obwuel vill Reen annoncéiert war, huet keen dee massive Schnéi erwaart.
"Mir haten de Ravi fir eng Woch souwisou schonn akaaft, soudass mer eis net extra hu misse preparéieren," seet d’Malou Ballini. De gréisste Problem war den Ausfall vum Stroum.
"Zweemol e Block vu sechs Stonnen, wou keen Elektresch do war. Mir hunn e Kamäin, mat deem mer och heize kënnen, soudass dat elo net tragesch war."
D'Solidaritéit am Appartementshaus war immens grouss. "Mir hunn zesummen de Wee fräigeschëppt an eis Autoe vum Schnéi befreit."
Aktuell Situatioun
D'Stroossen zu Saint Jean sinn nach net komplett fräi, mee d'Gemeng wier amgaangen, d'Stroossen ze raumen. "Bis elo, ass et nach net fräi, mee si si gutt amgaangen d'Stroossen ze raumen. Ech denken, dass se am Laf vum Nomëtten d'Stroossen opmaachen."
E Moment d'Rou genoss
Trotz der Situatioun hätt ee sech net vill Suerge gemaach. Et wier ee vun den Autoritéiten och gutt informéiert ginn: "An der Tëschenzäit ass d'Elektresch och erëm do. Mir genéissen d'Rou."