De Filmproduzent Harvey Weinstein ass e Mëttwoch zu New York op en Neits wéinst Sexualverbrieche schëlleg gesprach ginn.

Déi majoritär weiblech Jury huet de fréieren Hollywood-Produzent e Mëttwoch wéinst dem sexuellen Iwwergrëff op d'Miriam Haley fir schëlleg befonnt. Vum zweete Reproche dem sexuellen Iwwergrëff op d'Kaja Sokola huet d'Jury hie fräigesprach. Beim drëtten Uklopunkt, dem Fall vum Jessica Mann konnt d'Jury sech net eenegen. Hei sollen d'Berodunge weidergoen.

De Parquet reprochéiert dem Weinstein, déi dräi Fraen tëscht 2006 an 2013 sexuell mëssbraucht ze hunn. De Filmproduzent streit d'Reprochen of.

De Weinstein war an deem Fall scho viru fënnef Joer wéinst Vergewaltegung a kriminelle sexuellen Handlungen zu 23 Joer Prisong verurteelt ginn. D'Urteel gouf allerdéngs am Fréijoer opgehuewen, sou datt de Fall nei opgerullt ginn ass.

De Weinstein sëtzt den Ament eng Prisongsstrof vu 16 Joer a Kalifornien of, dat wéinst weidere sexuelle Strofdoten.