De "Big Beautiful Bill", also dat grousst, schéint Gesetz ass mat 218 zu 214 Stëmmen ugeholl ginn. Zwee Republikaner hunn dogéint gestëmmt.

De Senat hat scho gréng Luucht ginn an deemno kann den Donald Trump wéi geplangt d'Gesetz um Nationalfeierdag ënnerschreiwen.

"Et gëtt kee bessere Gebuertsdagskaddo fir Amerika wéi dës phenomenal Victoire, déi mir virun e puer Stonne erreecht hunn", sou den Trump en Donneschdeg Lokalzäit viru Supporter am Iowa. Dat risegt Steiergesetz ass dem US-President no e groussen, innepolitesche Succès. Hie setzt domat ee vu sengen zentrale Walverspriechen ëm. Et ginn awer massiv Kierzungen am soziale Beräich gefaart. Millioune Mënsche kéinten hir Krankeversécherung verléieren. Op der anerer Säit kritt den Trump méi Sue fir d'Defense, fir Grenzschutz an d'Steiererliichterungen aus senger éischter Amtszäit gi verlängert.

De Budgetsdefizit vun den USA geet an den nächsten 10 Joer op ronn 3,3 Billiounen Dollar an d'Luucht.

D'Annick Gorens erkläert, ob a wat iwwerhaapt "schéin" ass:

Schéin ass et warscheinlech fir den Donald Trump, ebe well et säi bis ewell gréissten innepolitesche Succès ass. Hie wëll domadder säin Haaptwalverspriechen ëmsetzen an déi amerikanesch Wirtschaft nees relancéieren. Et ass Eent vun de gréissten an ëmfangräichste Budgetsgesetzer an der Geschicht vun den USA.

Et sinn Milliarden Depense virgesi fir d'Militär a fir d'Ofsécherung vun de Grenzen. D'Steierbaisse fir Entreprisen a verschidde Privatpersounen aus senger éischter Amtszäit gi verlängert. Donieft ginn d'Steieren um Drénkgeld an op Iwwerstonnen ofgeschaaft. Allgemeng versprécht déi amerikanesch Regierung hire Bierger "Rekord-Steierbaissen". Um Internetsite vum Wäissen Haus gëtt et eng Rechemaschinn, wou all Amerikaner sech ausrechnen kann, wat en elo spuert.

Dat do kléngt op den éischte Bléck jo elo mol gutt fir déi meescht Amerikaner. Wat ass de B-Mol?

Wa vill Depensë geplangt sinn a gläichzäiteg Steieren erofgesat ginn, muss ee sech jo froen, wou d'Suen hierkommen, fir dat do ze finanzéieren. An do läit d'Kromm an der Heck. Fir dat ze bezuelen, gëtt virop am soziale Beräich gespuert. "Medicaid" also d'Krankeveréscherung fir al an akommesschwaach Leit, an och den "Affordable Care Act" bekannt als "Obamacare" wäerte massiv gekierzt ginn. Donieft komme Kierzunge bei der Liewensmëttelhëllef, bei Iessen an de Schoulen an bei de Subventiounen, fir aarm Famillje wa se akafe ginn. Et wäerten och keng finanziell Ureizer méi gi fir Wandrieder oder Solaranlagen ze bauen oder een Elektroauto ze kafen.

Also fir et erofzebriechen... Steierbaisse fir d'Milliardären an déi souwisou schonn aarm Leit wäerte weider benodeelegt ginn. D'Universitéit vu Pennsylvania huet ausgerechent, dass déi äermsten 10 Prozent vun den amerikanesche Stéit am Schnëtt op 1.600 Dollar pro Joer verzichte mussen.

Wéi eng Konsequenzen huet dat fir déi amerikanesch Bierger um Terrain?

Den zoustännege parteionofhängege Büro vum amerikanesche Kongress huet ausgerechent, dass bis Mëtt den 2030er Joren, iwwer 12 Milliounen Amerikaner hir Assurance maladie duerch dës Kierzunge verléieren. Den Donald Trump seet, dat géing net stëmmen. Déi eenzeg, déi géinge verléieren, wieren déi illegal Immigranten. Et sinn awer och Republikaner, déi virun den negative Konsequenze warnen, well och déi eenzel Bundesstaate kréie manner Steiere fir medezinesch Leeschtungen ze finanzéieren. Dat kéint zu Problemer bei der Finanzéierung fir d'Spideeler féieren.

Donieft wäert duerch dëst Gesetz och de Budgetsdefizit vun den USA an den nächsten 10 Joer weider eropgoen, op ronn 3,3 Billiounen Dollar.