
Dobäi sollen dräi weider Camionen aneneegedréckt gi sinn. Schlussendlech wier dann nach e 5. Camion, dee Laachgas gelueden hat, an d’Accident gefuer. Duerch d’Kollisioun huet sech immens séier e Brand entwéckelt. Zwee Mënsche koume beim Accident ëm d’Liewen.
Bis e Mëttwoch am Nomëtteg huet et gedauert, bis d’Police all d’Informatiounen a Spueren opgeholl hat. D’Ermëttlunge lafen, Aussoen zu der Ursaach vum Accident konnt d’Police awer bis ewell net maachen.
Wéi et vun der Autobahn GmbH heescht, wier d’Streck nach op d’mannst bis e Samschdeg gespaart. “D’Autobunn änelt ëmmer nach engem Trümmerfeld”, erkläert hire Spriecher. Bis ewell wier et nämlech nach net gewosst, wéini déi ausgebrannt Ween a Richtung Hannover gebuerge wäerte kënne ginn. Eréischt da wier et méiglech, sech d’Schied un der Autobunn unzekucken. A Richtung Berlin kéint d’Streck nach e Mëttwoch den Owend opgoen.