ÉisträichAacht Doudeger duerch Lawinen iwwert de Weekend

AFP, iwwersat vun RTL
An den éisträicheschen Alpe gëllt aktuell déi drëtt vun am Ganze fënnef Lawine-Warnstufen.
Secouriste vun der éisträichescher Biergrettung klammen an en Helikopter, fir op en Asaz ze fléien.
Secouriste vun der éisträichescher Biergrettung klammen an en Helikopter, fir op en Asaz ze fléien.
© ROLAND THENY/AFP

An Éisträich sinn e Samschdeg am Ganzen aacht Persoune bei Lawinenonglécker ëm d’Liewe komm. Schonn um Samschdeg selwer hat d’Biergrettung vum Bundesland Salzburg matgedeelt, dass bei zwou verschiddene Lawinen am Ganze fënnef Éisträicher gestuerwe sinn. E Sonndeg koum dann d’Nouvelle, dass um Samschdeg och an der Steiermark eng Lawin ofgaangen ass. E Grupp vu siwe Schifuerer aus Tschechien gouf vun de Schnéimassen erfaasst. Dräi vun hinnen hunn d’Ongléck net iwwerlieft.

Eng Spriecherin vun der éisträichescher Biergrettung huet e Sonndeg op en Neits viru der ugespaanter Lawine-Situatioun an den héijen Alpe gewarnt. De Schnéi wier hei den Ament ganz ongläichméisseg verdeelt. Et gëllt déi drëtt vun am Ganze fënnef Lawine-Warnstufen.

Uechter d’Alpe si bannent der leschter Woch am Ganze 17 Wantersportler wéinst Lawinen ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO