ParäisAarbechten un der Notre-Dame ginn e Méindeg relancéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der aktueller Pandemie hunn d'Renovéierungsaarbechten un der Kathedral an der franséischer Haaptstad misse gestoppt ginn.

Vun e Méindeg u soll nees schrëttweis un der gotescher Kierch geschafft ginn, huet de Jean-Louis Gerogelin en Donneschdeg matgedeelt. Fir dëst z’erméiglechen, misste bestëmmte Schutz- an Hygièenesmoossnamen an d’Weeër geleet ginn.

D’Feier hat zejoert virun allem den Daach zerstéiert. De markanten Tuerm aus Holz war an e Koup gefall. Leschte Summer goufen d’Ouverturen vun den Fënstere vun der Notre-Dame mat Equipement zougepecht. Donieft goufen eng 200 Tonne Material, déi erofgefall sinn, geraumt. De franséische President Emmanuel Macron hat versprach déi beschiedegt Kathedrale bannent 5 Joer nees opzebauen. Hien hält dann och weiderhin um Plang fest.

Back to Top
CIM LOGO