De Buedem huet mat 6,5 Punkten op der Richterskala geziddert. Op d’mannst 20 Mënsche koumen ëm d’Liewen, iwwer 100 Leit goufe blesséiert.
Donieft goufen eng ganz Rei Gebaier beschiedegt, dorënner eng Universitéit, eng Bréck, an e Spidol.