Keng Majoritéit am BundestagAféierung vun Impfflicht an Däitschland gescheitert

RTL Lëtzebuerg
Am däitsche Bundestag gouf en Donneschdeg, no méintelaangen Diskussiounen iwwer eng Impfflicht, eng Decisioun geholl.

D’Deputéiert am Bundestag hu sech dogéint entscheet, fir eng Impfflicht vu 60 Joer un anzeféieren.
Et louch eigentlech e Kompromëss um Dësch: eng Impfflicht fir Leit vu 60 Joer un, doriwwer eraus eng Flicht fir sech beroden ze loossen tëscht 18 an 59 Joer. Dorop hate sech d’Deputéiert vun SPD, FDP an de Grénge gëeenegt.

Deemno kënnt bei eisen däitschen Nopere keng Flicht, fir sech impfen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO